Klima

Historesch Déifstänn bei ville Gewässer uechter Europa

Wéinst der aktueller Dréchent sinn d’Peegelstänn vun de Baachen a Flëss hei am Land - an och uechter Europa - extrem niddereg. Am meeschte betraff wieren zu Lëtzebuerg d‘Baachen am Eislek an am Weste vum Land. Dat äntwert den Ëmweltminister op eng parlamentaresch Fro vun der DP.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© EPA/RONALD WITTEK play_arrow
(Foto: EPA/RONALD WITTEK)

Nieft den niddrege Waasserstänn goufen Enn Juni och aussergewéinlech héich Waassertemperature gemooss. Déi zwee Phenomen zesumme géifen eng grouss Belaaschtung fir d‘Fauna a Flora an de Baachen a Flëss duerstellen. Als kuerzfristeg Mesure goufe vum 8. Juni un, all d’Prelevementer aus de Fléissgewässer, mat Ausnam vun der Musel, verbueden. 

Situatioun kéint sech negativ op Biodiversitéit auswierken

Dës aussergewéinlech Situatioun kéint laangfristeg zu engem Réckgang vun der Biodiversitéit vun de Fësch féieren, esou nach den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes. Déi heemesch Fësch-Zorte wéi d’Baachfrell wiere Kalwaasserfësch, an net un déi héich Temperaturen ugepasst, esou den Ëmweltministère. 

Rhäin an Donau op historeschen Déifstänn

Net nëmmen zu Lëtzebuerg mee uechter ganz Europa sinn d’Waasserstänn vun de Flëss historesch déif. Ënnert anerem de Rhäin an d’Donau si vun der extremer Dréchent an der Hëtzt betraff. 

 Um Rhäin ass zu Köln haut den historeschen Déifstand vu 67 Zentimeter erreecht ginn. Fir den Owend gëtt souguer en neien Negativrekord vu 66 Zentimeter erwaart.

Schëffer kënnen zwar nach fueren, mussen awer däitlech manner Fracht lueden. Eng Entspanung vun der Situatioun ass de Wiederprevisiounen no net en Vue, esou den däitsche Verkéiersminister Steffen Bilger.

"Die Lage bleibt herausfordernd, zumindest noch im August, aber wir werden jetzt konkret mit den Beteiligten die weiteren Schritte besprechen. Ich werde auch mit den Ländern in den nächsten Tagen mit den Länderverkehrsministern in Austausch gehen, um dort die gemeinsamen Massnahmen zu besprechen."

Et wier een och bannent der Bundesregierung am Austausch, fir d'Logistikkette weider ze stabiliséieren, esou nach den CDU-Verkéiersminister Steffen Bilger. 

Däitschland wëll Sonndesfuerverbuet fir Camionen ophiewen

Fir d'Konsequenze fir d’Wirtschaft ofzefiederen, iwwerleet déi däitsch Regierung, d'Sonndes- a Feierdags-Fuerverbuet fir Camionen temporär opzehiewen, fir méi Verkéier vum Floss op d‘Strooss ze bréngen. Zousätzlech ass de Ministère am Gaange Gespréicher mat der Deutsche Bahn ze féiere fir och méi Wueren iwwer d’Schinn ze transportéieren.

Keng Croisièrë méi zu Budapest

Och d'Donau ass staark betraff. Zu Budapest läit de Waasserstand aktuell bei just 23 Zentimeter, nodeems e scho leschte Weekend mat néng Zentimeter en historeschen Déifstand erreecht hat. Croisièresschëffer kënnen den Ament net méi bis an déi ungaresch Haaptstad fueren.

Och de Balaton huet Rekord-Niddregwaasserstänn. De gréisste Banneséi a Mëtteleuropa, deen zu normalen Zäite scho souwisou nëmme ronn 3 Meter déif ass, wier de Moment nëmme 54 Zentimeter déif, heescht et an ungaresche Medien.

 

Lauschterenplay_arrow