Däitschland

Historeschen Déifstand: De Rhäin ass plazeweis just nach 22 Zentimeter héich

Déi aktuell Dréchent suergt an Däitschland fir historesch niddereg Waasserstänn a ville Flëss a Séien. De Rhäin, dee längste Floss an Däitschland, ass op verschiddene Plazen esou niddereg wéi nach ni. Dat féiert ënner anerem zu Problemer bei der Schëfffaart.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

Niddregwaasser zu Bingen | © EPA/RONALD WITTEK play_arrow
Niddregwaasser zu Bingen (Foto: EPA/RONALD WITTEK)

Op insgesamt 865 Kilometer leeft de Rhäin duerch Däitschland an ass domat net just de längste Floss vum Land, mee och eng wichteg Drénkwaasserquell, eng indispensabel Source fir d’Agrikultur grad wéi fir den Transport iwwer de Waasserwee. 

Extreem niddereg Waasserstänn

Déi aktuell Dréchent an Hëtzt suergt lues a lues fir seriö Problemer. Op ville Plaze goufen iwwer de Weekend historesch niddereg Waasserpeegele gemooss.

Zu Köln hat de Floss e Samschdeg nach eng Héicht vu 67 Zentimeter – esou niddereg wéi nach ni, zënter datt de Waasserstand gemooss gëtt. Dat sinn nach eemol zwee Zentimeter ënner deem alen Negativrekord. 

Zu Duisburg goufen nach 150 Zentimeter Waasserdéift gemooss, zu Düsseldorf souguer just nach 22 Zentimeter.

Reduzéierte Chargen am Gidderverkéier 

De Schëffsverkéier ass duerch déi historesch Déifstänn net komplett ënnerbrach. Allerdéngs kënnen am Gidderverkéier d’Schëffer just nach mat reduzéierte Chargë fueren. Am Persouneverkéier kënne verschidden Häfen net méi ugefuer ginn.

Betraff ass virun allem d’Bundesland Nordrhein-Westfalen. D’Landespolitiker:inne fuerderen elo e bundeswäit Krisestaf.

Problematesch ass den aktuelle Manktem vu Waasser an den däitsche Flëss och, well esou Niddregwaasser-Phasen an der Reegel eréischt méi spéit am Summer oder am Hierscht opkommen.

Lauschterenplay_arrow