En Donneschdeg eréischt war eng national Mobilisatioun. Der Gewerkschaft CGT no waren do 1,6 Millioune Persounen op de Stroosse fir bei 260 Manifestatiounen uechter d'Land ze protestéieren. Dat ass ouni gréisser Eskalatiounen iwwer d'Bün gaangen.
"Conférence sociale" um Méindeg aberuff
Doropshin huet d'Regierung d'Gewerkschaften an d'Patronat fir eng Reunioun invitéiert.
E Méindeg gesäit de President Emmanuel Macron ënner anerem Vertrieder vun de Gewerkschaften an dem Patronat, mee och Schüler:innen, Studentinnen a Studenten. Dat am Format vun enger "Conférence sociale".
Franséisch Regierung mat Problemer op e puer Fronten
Am Virfeld vun deem Treffe wëllt een de Drock elo héich halen. Protestéiert gëtt géint d'Spuermoossname vun der Regierung déi et gläichzäiteg net packt, e Budget opzestellen. Eng 70.000 Sécherheetsbeamte sinn dofir och haut am Asaz.
Méi wéi eng Regierung ass an de leschte Jore wéinst dem Budget gestierzt ginn