Frankräich

1,6 Millioun Manifestanten op franséische Stroossen: Lecornu invitéiert Sozialpartner

D‘Gewerkschaften hate fir haut zu engem nationale Streik opgeruff. De Syndikater no war haut 1,6 Millioun Manifestanten an de Stroossen, 350.000 dovun zu Paräis. De franséische Premier Sebastian Lecornu huet eng Reunioun mat Gewerkschaften a Patronat ugekënnegt.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© EPA/GUILLAUME HORCAJUELO play_arrow
(Foto: EPA/GUILLAUME HORCAJUELO)

E Méindeg sollen d'Sozialpartner zu Matignon zesummekommen fir iwwer d'Fuerderunge vun de Gewerkschaften ze diskutéieren. 

D‘Gewerkschafte fuerderen ënner anerem eng Erhéijung vum Mindestloun. D‘Lycée- a Studentebeweegungen, déi zënter September manifestéieren, hu sech dem Streik haut ugeschloss, grad ewéi d‘Gilets Jaunes an d‘Baueren. Bis elo si keng weider Tëschefäll gemellt, ausser an engem Lycée bei Toulouse, wou eng 30 Manifestante Knupperten an d‘Gebai geschoss hätten an e Feier ausgeléist hätten, dat awer séier ënner Kontroll war.

Parallel struewelt d'Regierung mam Budget

Wärend d'Gewerkschafte méi héich Salairen a staatlech Hëllefe fuerderen, huet d'Regierung Problemer, e Budget op d'Been ze stellen. 

Eng weider Woch, eng weider Well vu Protester géint d'Spuermoossname vun der Regierung: Schonn de leschte Mount haten d'Gewerkschaften dozou opgeruff, haut op d'Stroossen ze goen, fir méi héich Salairen, Sozialhëllefen a Pensiounen, genee wéi Mesurë géint de Klimawandel, fir den Enseignement a fir méi Steiergerechtegkeet.

De Streik haut bréngt eng breet Koalitioun vu Manifestanten aus dem ëffentlechen Déngscht, dem private Secteur a pensionéierte Persounen, mee och Schüler:innen a Studenten zesummen, déi all hir Fuerderungen duerchsetze wëllen. 

Streik huet och Auswierkungen op Zuchverkéier

De Streik huet och Auswierkungen op verschidde Secteuren. D'SNCF mellt, datt virun allem de regionale Zuchverkéier haut gestéiert gouf. D'TGVe sinn dogéint net staark betraff.

D’Police war mat 70.000 Beamten um Terrain, hat den Inneminister Laurent Nuñez gëschter op enger Pressekonferenz annoncéiert. D’Missioun ass kloer. 

"Sécurisation des cortèges, aller impacter les groupes à risque, les cortèges sauvages, tout ce qui va créer des débordements - le dispositif visera à aller intervenir pour disperser, interpeller systématiquement, comme ça été fait de manière extrêmement efficace le 24 et 31 octobre."

E Budget, dee keng Chance huet

D'Regierung hat ugekënnegt, bereet ze sinn, iwwer eng Erhéijung vum Mindestloun ze verhandelen. Vill Spillraum wäert et hei awer wuel net ginn.

Den Ament probéiert d'Regierung, hire Budgetsplang duerch d'Parlament ze bréngen, dee 54 Milliarden Euro un Erspuernisser virgesäit. De Projet huet awer quasi keng Chance, eng Majoritéit ze kréien.

OGBL weist sech solidaresch 

Den OGBL ass solidaresch mam soziale Mouvement a Frankräich an ënnerstëtzt all déi, déi sech mobiliséiere fir hir Rechter a méi sozial Gerechtegkeet, deelt den Onofhängege Gewerkschaftsbond an engem Communiqué mat.

Déi Problemer géifen iwwer Frankräich erausgoen a géifen all d'Länner an Europa betreffen, wou d‘Salariéen an déi jonk Generatiounen hir sozial Acquise musse verteidegen, a fir besser Liewens- an Aarbechtskonditiounen a géint déi héich Liewenskäschte musse kämpfen.

Lauschterenplay_arrow