Radioen

On air

Notturno  |  Leo Blech - Symhonesch Dichtung, Op. 6, die Nonne - Sinfonieorchester Aachen, Christopher Ward (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Infektiounskrankheeten: 2023 gouf et e gewësse Retour zur Normalitéit

Santé

Infektiounskrankheeten: 2023 gouf et e gewësse Retour zur Normalitéit

De Bilan 2023 vun den Infektiounskrankheeten zu Lëtzebuerg fält net allze schlecht aus. Et hätt een zejoert e gewëssene Retour zur Normalitéit notéiert, sot de Joël Mossong vun der Gesondheetsinspektioun gëschter am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Positiv Nouvellë waren, datt et eng Baisse beim HI-Virus a bei der Hepatit C gouf an een duerch eng Impfcampagne den RS-Virus bei klenge Kanner gutt am Grëff hat. Suerge mécht dogéint d’Hausse vu sexuell iwwerdrobaren Infektiounen. An da sinn duerch Reese Krankheeten opkomm an anerer no Joerzingten nees opgedaucht.

Hausse bei sexuell iwwerdrobare Krankheeten

Wéinst Krankheeten, virun deene Leit kéinte geimpft ginn, wéi zum Beispill de bloen Houscht, géif ee sech awer net onbedéngt vill Suerge maachen. Dee Keuchhuste wier wuel méi heefeg no der Pandemie, sou de Joël Mossong, mee "mir sinn do zu Lëtzebuerg awer och net anescht wéi all déi Länner ronderëm eis, dat heescht mir gesinn do déi selwecht Krankheeten optauchen, wéi dat och am noen Ausland de Fall ass”.

Wat d’Reesen ugeet gouf et d’lescht Joer Dengue-Ausbréch an Asien an a Süd- a Mëttelamerika.

“Mee och do: Déi meeschte Fäll konnten hei traitéiert ginn. Mee d’Zuele ginn an d’Luucht, ebe well d’Leit méi reesen."

Méi Gedanke mécht sech de Mann vun der Gesondheetsinspektioun doriwwer, datt sexuell iwwerdrobar Krankheeten an der Hausse waren, wat iwwregens och an anere Länner de Fall ass. Et wär net honnertprozenteg kloer, wourop dat zréckzeféiere wier. 

"Mee wann een d’Donnéeë kuckt, wéi oft dass d’Leit sech protegéiere beim Sex: Dat geet an déi falsch Richtung! Dat heescht och bei de Jugendleche gi vill manner Kondomer benotzt, wéi dat soss an der Zäit war.”

Den HI-Virus an d’Hepatit C géife sech iwwerdeems lues an déi richteg Richtung bewegen, an awer bléif nach munches ze dinn. De Moment hätt een an der Santé keng nei grouss Infektiounen um Radar. Woubäi ee sech awer natierlech och kéint impfe loossen, zum Beispill géint SARS-CoV-2 oder awer d’Gripp.

Impfcampagne géint RS-Virus bei Kanner war e Succès

Duerch eng Impfcampagne hat een dogéint zum Beispill den RS-Virus bei klenge Kanner gutt am Grëff, huet de Joël Mossong vun der Gesondheetsinspektioun erkläert.

"Et ass seelen, dass mir gutt Nouvellen hunn. Normalerweis schwätze mir ebe vun Ausbréch oder vun Epidemien, wou Leit méi krank gi wéi virdrun, a beim RSV ass et wierklech ëmgedréint. Do hu mer d’lescht Joer duerch eng Immunisatiounscampagne, déi bei de Bëbeeën ugefaangen huet, kënnen noweisen, dass dat e ganz groussen, positiven Impakt hat, d.h. dass vill manner Bëbeeë wärend der Wantersaison am Spidol gelant sinn, wéi dat déi Jore virdrun nach de Fall war.”

Dat beweist, datt d’Immunprophylax gutt fonctionéiert, sou de Joël Mossong, fir dee Lëtzebuerg och eent vun den éischte Länner war, an deene sou eng Impfcampagne duerchgefouert gouf.

Neie Rapport épidémiologique vun der Santé

Well Covid19 net méi obligatoresch muss gemellt ginn, sinn d‘Zuele vun den deklaréierte Covid-Fäll d‘lescht Joer staark zréckgaangen, op nach 1.500 am Abrëll. Par conter hunn aner Infektiounen, déi sech duerch Reese verbreeden, rëm zougeholl.

Aus dem neie Rapport épidémiologique vun der Santé geet och ervir, datt et d‘lescht Joer méi Fäll vu Gastroen oder och Salmonellosen gouf. Och d‘Infektiounen, déi sexuell iwwerdroe ginn, hunn zougeholl, wéi Chlamydien a Syphilis.

Da gëtt am Rapport awer och festgestallt, datt Infektiounskrankheete, géint déi d‘Leit normalerweis geimpft misste sinn, rëm zougeholl hunn, zum Beispill Coqueluche.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet