Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Dmitri Schostakowitsch - Concerto fir Piano Nr.2 a Fa Majeur, Op. 102, III. Allegro - Sabine Weyer (Piano), Nordwestdeutsche Philharmonie, Erich Polz (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Kee Fall vu Vullegripp beim Mënsch an Europa

Gesondheet

Kee Fall vu Vullegripp beim Mënsch an Europa

Et géif den Ament an Europa kee Fall vu Vullegripp beim Mënsch ginn. Dat geet aus der gemeinsamer Äntwert vun der Gesondheetsministerin an dem Landwirtschaftsministère ervir. 

auto_stories

1 min

Vullegripp (Symbolbild) | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer

An den USA goufen d‘lescht Joer 45 Fäll beim Mënsch festgestallt. De Virus kéint iwwerdeems net am Ofwaasser festgestallt ginn. D‘Technike vum LIST kéinten nämlech net tëscht de Réckstänn vun Influenza an der Vullegripp ënnerscheeden.

Déi lescht Fäll vu Vullegripp hei am Land goufen am Mee 2023 bei Wëll-Gefligel zu Rëmersche festgestallt, esou nach d‘Minister.