Radioen

On air

De barocke Moien  |  Abbate Ranieri Capponi - Kammersonat Nr.12 a Sol Majeur, IV. Scherzo pastorale - Artemandoline

play_arrow Live
opus

/ Interventioun op Lëtzebuergesch: Fernand Kartheiser krut d'Wuert geholl

Europaparlament

Interventioun op Lëtzebuergesch: Fernand Kartheiser krut d'Wuert geholl

Wéi annoncéiert huet den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser gëschter Owend probéiert, am Europaparlament eng Interventioun op Lëtzebuergesch ze maachen. Wéi ze erwaarde krut hien d’Wuert direkt ofgeholl.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Interventioun lauschterenplay_arrow

Den ADR-Politiker huet dono op Englesch gefrot, ob hien dierft op Lëtzebuergesch schwätzen, dat gouf him awer net erlaabt. 

Hien hat um Méindegowend no 9 Auer zu Stroosbuerg d’Wuert ergraff. Um Enn vum éischten Dag vun der Plenieres-Sessioun kënnen d’Europadeputéiert eng Minutt Riedenzäit zu verschiddene Sujeten ufroen. 

Lëtzebuergesch misst ewéi aner Sproochen am Parlament behandelt an dierft net weider am Parlament diskriminéiert ginn, sou de Fernand Kartheiser dono op Englesch. 

Parlament op d'Prouf stellen

Déi intern Reegele vum Parlament waren dem ADR-Politiker bekannt. Hie wollt eenegen Aussoen no duerch seng Aktioun d’Parlament op d’Prouf stellen. 

Deene Reegele vum Parlament no kënnen d’Europadeputéiert erauswielen, a wéi enger vun den 24 offiziellen EU-Sprooch si an der Plenière wëlle schwätzen. Lëtzebuergesch ass awer net op der Lëscht vun deene 24 Sproochen. 

Lëtzebuergesch als EU-Sprooch keng Prioritéit

Eng Demande, Lëtzebuergesch als EU-Sprooch unzëerkennen, muss vun der Regierung gemaach ginn. Dat hätt den Ament keng Prioritéit, sot de Premier Luc Frieden déi lescht Woch um Bord vum EU-Sommet.

De Fernand Kartheiser stéing op enger laanger Lëscht vu Leit, déi gefrot hunn, mat him ze schwätzen, sou de Luc Frieden. Hie wäert dat och maachen, wann hien Zäit hätt, sou nach de Premier. 

Aktualitéit
Europa
National
Politik a Gesellschaft