Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Benjamin Godard - Suite de Trois Morceaux, Op. 116, III. Valse - Nathanael Carré (Flütt), Ensemble Nuanz

play_arrow Live
opus

/ Den OGBL hofft, datt d'Caritas-Aktivitéiten an enger reforméierter Struktur weidergefouert ginn

No Finanzbedruch

Den OGBL hofft, datt d'Caritas-Aktivitéiten an enger reforméierter Struktur weidergefouert ginn

Den Transfert vun de Leit an den Aktivitéite bei een aner Prestataire wier net den Idealfall, seet de Gewerkschaftler Smail Suljic. Et wier trotz engem gudde Kollektivvertrag net einfach, fir bei een neie Patron ze wiesselen.

auto_stories

2 min

headphones

21 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

Een Deel vun de Mataarbechter a Mataarbechterinne géif sech iwwerdeems mat de Caritas-Wäerter identifizéieren a géif dowéinst aus Iwwerzeegung do schaffen. De Smail Suljic gesäit d’Caritas iwwerdeems als systemesche Betrib, ouni deen de Staat sengen Obligatiounen net géif gerecht ginn. D'Caritas wier am Fong een externen Déngschtleeschter fir de Staat „a wann d'Caritas seng Aarbechten net ka maachen, dann huet de Staat och iergendwou a senger Roll versot".

De Gewerkschaftler hofft, datt de Staat der Caritas geschwë kann hëllefen, hie kéint awer och verstoen, datt de Staat elo mol wéilt ofwaarden, fir kënnen auszeschléissen, datt staatlech Sue verluer ginn.

Eng méiglech Léisung kéint elo sinn, datt de Staat an d’Caritas mat de Banken een Accord iwwer déi lafend Kreditter géife fannen, mengt hien.

Idealfall: Aktivitéiten an enger reforméierter Caritas viru féieren

D’Stëmmung beim Caritas-Personal wier weider ugespaant, well kee géif wësse wéi et weidergeet, sou den OGBL-Zentralsekretär Smail Suljic. Fir September soll jo eng Iwwergangsléisung fonnt ginn. Dobäi wier den Transfert vun de Leit an den Aktivitéite bei een aner Prestataire net den Idealfall, sou e Gewerkschaftler. Et wier trotz engem gudde Kollektivvertrag net einfach bei een neie Patron ze wiesselen, dowéinst géif een als OBGL dofir drop hoffen, datt d’Aktivitéiten an enger nei strukturéierter Caritas kënne weidergefouert ginn.

Plazeweis feele scho Suen

De Moment wier de Fonctionnement vun der Organisatioun inklusiv d’Paien nach fir dëse Mount mat assuréiert. Et géifen awer plazeweis trotzdeem Sue feelen, erkläert de Smail Suljic erkläert.

"Ech hunn e konkreet Beispill elo vu leschter Woch. An zwar ass esou, datt Mineurs non-accompagnés, déi kréien am Fong een Täschegeld an der Woch, eng kleng Zomm, an déi kréien se am Moment net."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Caritas
National
Interview