Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Joseph Haydn - Sinfonie Nr.11 a Mi bémol Majeur, Hob. I:11, III. Menuet - Heidelberger Sinfoniker, Johannes Klumpp (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Georges Mischo fillt sech zu Onrecht vun de Gewerkschaften attackéiert

Kollektivverträg a Sonndesaarbecht

Georges Mischo fillt sech zu Onrecht vun de Gewerkschaften attackéiert

No der Kritik vun de Gewerkschaften a Saache Kollektivverträg a Sonndesaarbecht weist den Aarbechtsminister sech weider gespréichsbereet. Am 100,7-Interview seet de Georges Mischo, seng Dier stéing op an hien hätt kee Problem, fir d’Gewerkschaften nach emol ze gesinn. Hie wéilt wuel ee Sozialdialog, et misst awer och en Dialog sinn.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

De Georges Mischo fillt sech zu Onrecht attackéiert, wat d’Kritik vun de Gewerkschaften um Sozialdialog ugeet. Zejoert hätt hien d’Sozialpartner zum Beispill direkt invitéiert, wéi hie Minister gouf.

"Sozialdialog ass net einfach an e CPTE kommen an dann dem Aarbechtsminister d’Messer op d’Broscht setzen, a wann een net dat kritt, wat ee wëll, datt een da geet.“

Wat den éischte Kritikpunkt iwwer d’Kollektivverträg betrëfft huet de Minister erkläert, hien hätt am Virfeld vun der Reunioun vu virun 8 Deeg vum "Comité permanent du travail et de l'emploi”, kuerz CPTE, eng Nott vun de Gewerkschafte kritt. Doran hätte si säin Avant-projet vun engem Aktiounsplang komplett zerrappt. 

Dee Plang misst iwwregens bis Enn November 2025 stoen. De 17. September wär den Avant-projet un d’Sozialpartner gaangen.

D’Gewerkschaften hätten hien an eng Richtung drécke wëllen, sou den Aarbechtsminister. D’Gewerkschaften hätte gewollt, datt hie soe géif, et misst bei hirem Monopol bleiwen. Et wieren allerdéngs hautzedaags 56 Prozent vun de Personaldelegéierten an de Betriber neutral. Et géif souguer Entreprisë ginn, an deenen et nëmmen Neutraler géif ginn, esou de Georges Mischo.

Sonndesstonnen: Koalitiounsaccord gëtt respektéiert

Sektoriell Kollektivverträg sollte vun OGBL an LCGB verhandelt ginn. Zu deenen aneren hätt et awer keen Dialog ginn. Hie géif mengen, d’CSV-Fraktioun hannert sech ze hunn. De Premier Luc Frieden wier dat op alle Fall.

A puncto Sonndesstonnen am Handel da géif hien de Koalitiounsaccord respektéieren.

"D’Sonndesaarbecht ass näischt Neies. Et ass eng Extensioun vun deene 4 Stonnen op 8 Stonnen, an d’Majoratioun vu 70 Prozent bleift och.“

Et wier him net egal, wat d’Gewerkschafte soen. Villméi géif hien nolauschteren an diskutéieren, ier hien eng Decisioun géif huelen, huet de Georges Mischo um Enn gemengt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft
Interview