De Friddensrot huet den Optrag, déi zweet Phas vum Friddensplang fir Gaza ëmzesetzen. Allerdéngs sinn d‘Positiounen den Ament blockéiert, well och d‘Hamas hirersäits insistéiert, datt si hir Waffen nëmme komplett nidderleeën, wann Israel sech ganz aus der Gazasträif zeréckzitt.
Israel fiert iwwerdeems weider mat den Attacken op d'Gazasträif.