Radioen

On air

De barocke Moien  |  Louise Farrenc - Sinfonie Nr.1 an Do Mineur, Op. 32, III. Menuetto: Moderato - Solistes Européens, Luxembourg, Christoph König (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Italien verbitt Leihmutterschaft am Ausland

Gesetz krut gréng Luucht

Italien verbitt Leihmutterschaft am Ausland

Italien verbitt Leihmutterschaft elo och am Ausland. Dat italieenescht Parlament huet gréng Luucht fir een entspriechend Gesetz ginn. D‘Ministerpresidentin Giorgia Meloni huet dëse Verbuet mam Schutz vun der traditioneller Famill begrënnt.

auto_stories

1 min

© picture alliance / ROPI | Carofei/Fotogramma
Foto: picture alliance / ROPI | Carofei/Fotogramma

De Projet, deen "d‘Locatioun vu Gebärmutteren" ënner Strof stellt, wier endlech Gesetz, sou d‘Giorgia Meloni op X. Haart Kritik koum ënnert anerem aus der Oppositioun: Dëst Gesetz géif homosexuellen oder onfruchtbare Koppelen d‘Méiglechkeet huelen, sech hire Kannerwonsch ze erfëllen.

An Italien selwer ass d‘Leihmutterschaft schonn zënter 2004 verbueden. Dat mat bis zu zwee Joer Prisong oder enger Geldstrof vu bis zu enger Millioun Euro. Bis elo war et awer méiglech, dofir an d‘Ausland ze goen.