Dréchent

Iwwer 500 Vegetatiouns- a Bëschbränn zu Lëtzebuerg an de leschte véier Joer

Zu Lëtzebuerg goufen zënter 2022 am Ganze méi wéi 500 Bësch- a Vegetatiounsbränn registréiert. Dat geet aus der Äntwert vum Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP ervir. Eleng dëst Joer goufe bis den 23. Juli 93 Bränn gezielt: 85 Vegetatiouns- an aacht Bëschbränn.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

2022 waren et der mat 192 däitlech méi.

Ee méi héije Brandrisiko besteet dem CSV-Inneminister no virun allem a Regioune mat vill Landwirtschaft, besonnesch wärend der Recolte, an a Géigende mat vill Tourismus- a Fräizäitaktivitéiten. De Risiko géif awer am ganze Land bestoen.

Wéi vill Hektar zënter 2022 verbrannt si kann d'Regierung net genee soen, well d'Flächen net no enger eenheetlecher Method dokumentéiert gi wieren, esou de Léon Gloden.