National

Oekofest: Presidentin vum MouvEco fuerdert konkret Moossname géint Klimawandel

Um Mouvement écologique-Oekofest huet d’Presidentin Blanche Weber den Opruff gemaach, fir am Kampf géint de Klimawandel konkreet Moossnamen ëmzesetzen. Am Abléck wier déi politesch a gesellschaftlech Äntwert dorop déi vum Verharren, Aussëtzen a vum Aenzoumaache virun de Katastrophen op der Welt. 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Um Oekofest 2026 | © Carole Schimmer play_arrow
Um Oekofest 2026 (Foto: Carole Schimmer)

Zentrale Punkt vun der Blanche Weber hirer Ried war d’Kritik un der Regierungspolitik, déi kontradiktoresch wier an hirem Handelen.

Amplaz d’Elektromobilitéit ze favoriséieren, géif d’Regierung een Tankrabatt finanzéieren, oder och nees Hybrid-Déngschtween subventionéieren.

Weider soll de Flughafen ausgebaut ginn, kritiséiert d’Presidentin vum Mouvement écologique. Ee Réckschrëtt wier och de geplangte Googlerechenzenter, deen d’Regierung ënnerstëtzt, an dee vill Energie a Waasser géif verbrauchen.

D’Blanche Weber kritiséiert een duebele Langage vun der Regierung

“Déi duebel Sprooch. Dee souwuel wéi och, déi franchement Doppelzüngegkeet vun der Regierung geet net. Déi Réckschrëtter wieren duerch näischt ze verdeedegen an da soll een och wierklech net méi dovu schwätzen d'Leit matzehuelen, wa Regierungsdecisiounen hott an har an déi do an an déi aner Richtung ginn. Do gi mir all zu Recht dronken an et geet net virun, well kee klore politesche Choix ze erkennen ass.”

Beim Bilan iwwer d’Zäregasemissioune géif den Ëmweltminister Serge Wilmes (CSV) sech zefridde weisen, datt de Grand-Duché d’Klimaziler erreecht hätt.

Am Detail gekuckt géif een am Beräich Industrie a Gebaier awer gesinn, datt et an déi falsch Richtung géif goen. Et bräicht ee méi eng radikal Energietransitioun.

“Et ass elo net méi mat eenzelne Moossname gedoen. Mir decidéieren elo franchement haut, ob mir den Erhalt vun eise Liewensgrondlagen zu enger Prioritéit maache fir eis a fir déi nächst Generatiounen oder de kuerzfristege Wuesstem, d'Verharren an ale Léisungen, well alles zesumme geet net. Jo, mir brauchen elo déi richteg sozial-ekologesch Transitioun a mir mussen dat nach méi radikal soen.”

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

De Premier Luc Frieden (CSV), dee grad wéi den Ëmweltminister um Oekofest present war, huet a senger Ried betount, datt d’Regierung mat Pragmatismus misst virgoen. 

“An der Politik, an der Gesellschaft muss ee verschidden Interête mateneen zesummebréngen a weiderentwéckelen. Wunnengsbau, industriell Entwécklung, Produzéiere vun Narungsmëttel. Déi verlaangen, datt een heiansdo en Equiliber sicht tëschent engem rengen Naturschutz an och erlabe verschidde Saachen ze entwéckelen, déi mir noutwendeg hunn, fir Aarbechtsplazen ze hunn a fir eppes ze iessen ze hunn.”

D'Blanche Weber ënnerbrécht de Luc Frieden

Dobäi ass d’Presidentin vum Mouvéco Blanche Weber dem Premier him an d’Wuert gefall, fir ebe grad dee Pragmatismus a Fro ze stellen.

“Här Frieden, ech si bësse frech an et mécht een et net. Kuckt iech d'Bëscher un, kuckt iech dëse Summer un, kuckt iech den Nepal un. Dat ass awer d'Resultat vum Pragmatismus.”

Et misst een d’Leit elo aktiv mathuelen an endlech Mesuren ëmsetzen, esou d’Blanche Weber. Dofir misst een déi sozial Dimensioun vun der Transitioun kohärent virundreiwen.

Lauschterenplay_arrow