Radioen

On air

Notturno  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Variatiounen iwwert ee Rokoko Thema fir Cello, Op. 33 - Françoise Groben (Cello), Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, David Shallon (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Iwwerschwemmungen a Mëttel- an Osteuropa fuerdere bis elo 8 Mënscheliewen

Virun allem Tschechien, Polen, Éisträich betraff

Iwwerschwemmungen a Mëttel- an Osteuropa fuerdere bis elo 8 Mënscheliewen

An Éisträich, Polen an Tschechie sinn op Grond vum schloe Ree vun de leschten Deeg 7 nei Doudesaffer ze bekloen. Domat hu bis elo scho 15 Persounen d’Iwwerschwemmungen duerch de Stuerm Boris net iwwerlieft.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel

Zwou eeler Persoune sinn an der Nuecht op de Méindeg am Bundesland Niederösterreich gestuerwen, eng am Nordoste vun Tschechien a 4 a Polen. Wéinst dem Stuerm Boris huet den ungaresche Premier Viktor Orban, deen iwwermuer an d’Europaparlament op Stroossbuerg komme sollt, seng international Obligatiounen ofgesot.