Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
opus

/ Jean-Claude Juncker schwätzt vu partieller EU-Memberschaft fir d'Ukrain

Krich an der Ukrain

Jean-Claude Juncker schwätzt vu partieller EU-Memberschaft fir d'Ukrain

De fréieren EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet eng partiell EU-Memberschaft vun der Ukrain proposéiert. An engem Interview mat der däitscher Presseagence sot hien, d‘Ukrain kéint aktuell net ganz séier EU-Member ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Harald Tittel
Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel

Et géif nach vill ongeléiste Problemer an der Ukrain ginn, dorënner Korruptioun an d‘Rechtstaatlechkleet, an déi misst geléist ginn, ier ee seriö een EU-Bäitrëtt vun der Ukrain envisagéiere kéint.

Et sollt een der Ukrain kéng eidel Versprieche maachen an hir dofir eng Deel-EU-Memberschaft an Aussiicht stellen, esou de Jean-Claude Juncker.