Wei de Kënschtler selwer sot, ass dësen Album fir ze danzen, ze leieren, Sport ze maachen a fir all Leit déi gäre Beats hunn. Den Album ass och bal komplett instrumental, mat Ausnam vu vereenzelte Voice-Tracks aus ale Lidder déi mol benotzt ginn, an deementspriechend och net Features vun anere Museker wei mer et eigentlech vum KAYTRANADA gewinnt sinn. Hei etabléiert de Museker, wat fir e musikalescht Talent hien huet an dass hie keng aner Leit brauch fir e kompletten a gudden Album zesummen ze bréngen.
Déi insgesamt 12 Titelen um Album ginn iwwerenee wei en DJ Set, wat d’Atmosphäre vun enger Party bei lauschteren natierlech nach méi stäerkt. Et ass dynamesch, groovy a geet erof wei Botter - hei braucht et ebe keng Features vun anere grousse Museker*innen.
Sampling
D’Iddi, dass dësen Album fir Leit ass, déi Beats gären hunn, gëtt ënnert anerem och duerch de Choix vum Sampling ënnerstëtzt. Och wann een se net direkt bei der éischte Kéier lauschteren erëm erkennt, héiert een iergendwann Samples vun TLC, J Dilla, Tangerine Dream asw.; hei kommen also och déi grouss Influenzen aus den 90er Joeren hier. Um leschte Lidd “DO IT! (AGAIN!)” Sinn TLC souguer als Kredit uginn, well den Track och eng kloer Homage un hire Song “Let’s Do It Again” ass.
Dem KAYTRANADA ass hei eng gutt Mëschung aus Nostalgie an Innovatioun gelongen, sou dass den Album familiär mee och nei klengt.
De KAYTRANADA hëlt hei d’Positioun eleng op der Bühn a weist eis säin Talent. Hien beweist eis, dass seng Beats kennen eleng stoen an net méi brauchen. Des Erkenntnis kennt em sou besser elo, well de Kënschtler gläich mam ikoneschen Duo Jungle op Tour ass. Mat dësem Album huet hie bewisen, firwat hien erausgesicht gouf (och wann en dat net huet missen).
DJ’s
Den Album wierkt och wei eng Hommage un Djs an Djanes. E wierkt wei eng Live Performance; wärend dem lauschteren ass et wei wann ee géif engem Set nolauschteren. E Set wat iwwerluecht ass an ausgeschafft gouf. Den Album ass eng weider Affirmatioun vum KAYTRANADA senge Wuerzelen an der House Musek.
Alles an allem ass den Album eng groovy Rees, mat séieren an och méi luese Beats op déi een danze kann, an eigentlech bal muss, well de Kierper net well roueg bleiwen.