Radioen

On air

Notturno  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Pianos Trio a Ré Mineur, KV 442, I. Allegro - Trio Adorno

play_arrow Live
opus

/ Keng Déclaration sur l'honneur vun den ADR-Kandidaten: Parteipresidentin schwätzt vun Oubli

Fall soll un de Parquet goen

Keng Déclaration sur l'honneur vun den ADR-Kandidaten: Parteipresidentin schwätzt vun Oubli

D‘ADR Parteipresidentin Alexandra Schoos schléisst aus, datt ee vun de 60 ADR-Kandidate bei de Chamberwalen 2023 Done vu méi wéi 250 Euro kritt hätt. Dat nodeems de Rechnungshaff festgestallt huet, dat kee vun hinnen eng entspriechend Déclaration sur l‘honneur ofginn hat.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chambre des Députés

Well d’Kandidate keng Deklaratiounen agereecht haten, soll de Chamberpresident de Parquet domat befaassen. Dat haten déi zoustänneg Chamberkommissiounen um Méindeg decidéiert. Fir esou ee Verstouss si penal Sanktioune virgesinn.

Ee prezise Grond firwat déi 60 ADR-Kandidaten a Kandidatinne keng Deklaratiounen ofginn haten, géif et net ginn, seet d’Alexandra Schoos.

"Iergendwéi war dat ëmmer een Oubli, oder huet kee gemaach, oder et ass villäicht ni esou genau kontrolléiert ginn."

Deklaratioune ginn nogereecht

Elo wier een am gaangen d’Ënnerschrëfte vun de 60 Kandidaten ze sammelen, fir d’Deklaratiounen op d’Éier nozereechen, erkläert d’ADR-Presidentin. Eigentlech hätten dës Deklaratiounen awer scho virun Enn November 2023 missten agereecht sinn.

D’Alexandra Schoos, déi zënter Mäerz 2024 ADR-Presidentin ass, war 2023 selwer eng vun de Kandidatinne bei de Chamberwalen: Och si hätt also mat Zäiten eng Deklaratioun missten ofginn.

"Mir war dat net bewosst oder ech war net au courant, dass et dofir eppes gëtt. Hätt ech mech och perséinlech villäicht misste besser informéiere missten."

Si geet net dovun aus, datt eppes géif dohannert stiechen.

"Dat wäert ech sécher net vergiessen"

Plangt d’ADR sech an Zukunft anescht opzestellen, fir bei nächste Walen déi gefuerdert Deklaratioune vun de Kandidate mat Zäiten ofzeginn?

"Dir kënnt sécher sinn, no deem heiten Dag an no den Interviewen, déi ech elo ginn hunn, brauch ech mol keng intern Prozedur méi. Dat do wäert ech sécher net méi vergiessen, dass dat noutwenneg ass."

Wat d’Onreegelméissegkeete mat Auto-Leasingverträg bei der Piratepartei ugeet, déi de Rechnungshaff festgestallt huet, war haut kee vun der Parteispëtzt bereet fir eng Reaktioun. 

Och de fréiere Partei-Coordinateur Marc Goergen wëllt dem Radio 100,7 keng Froen dozou beäntwerten, huet et eis op Nofro geheescht. Och d’Onreegelméissegkeete bei der Piratepartei wëllt d’Chamber - wéi gewosst - un de Parquet viru reechen.

Lauschterenplay_arrow