Bis ewell hunn d‘Piraten, d‘LSAP, d’adr, déi gréng, déi Lénk an d’CSV hir Virschléi agereecht. All d’Parteie si sech eens fir de Walalter op 16 Joer erofzesetzen, mat Ausnam vun der adr an der CSV. D’Pirate fuerderen awer och dat passiivt Walrecht, also d’Recht gewielt ze ginn, vu 16 Joer un.
All Parteien ausser CSV géint Duebelmandater
Och bei der Digitalisatioun, also fir en elektronesche Vott respektiv eng elektronesch Walkabinn, fueren all d’Parteien ausser d’adr op enger Linn. All d’Parteien ausser d’CSV schwätze sech géint Duebelmandater aus.
Bei de Walbezierker ginn d’Meenungen dann auserneen. D’LSAP, déi gréng an déi Lénk fuerderen en eenheetleche Walkrees fir ganz Lëtzebuerg. D’Pirate fuerderen eng Neiverdeelung vun den Deputéiertesëtz an de Bezierker. D’adr an d’CSV wëllen, datt déi véier Walbezierker bestoe bleiwen.
Beim Auslännerwalrecht ginn d'Meenungen auserneen
Och beim Auslännerwalrecht hunn d’Parteie verschidden Usiichten. Wärend d’LSAP en neie Referendum dozou fuerdert, leent d’adr en Auslännerwalrecht konsequent of. Déi Lénk fuerderen direkt en nationaalt Walrecht fir jidderee mat Wunnsëtz am Land an déi gréng wëllen zu där Entscheedung en „Dialog mat de Biergerinnen a Bierger“. D’CSV äussert sech guer net zu dem Punkt.
D’Pirate wëllen e Mëttelwee proposéieren a fuerderen, datt de Conseil national des étrangères – kuerz CNE – reforméiert soll ginn. Den Tommy Klein:
"Konkreet soll den CNE an Zukunft der Chamber ënnerstoen an och Membere vun dësem Conseil demokratesch vun allen auslännesche Matbierger zu Lëtzebuerg gewielt ginn, eventuell nom Modell, zum Beispill vun de Sozialwalen."
Do kéint och eng Residenzklausel a Fro kommen. Et géif awer virun allem ëm den demokratesche Prozess goen, an deem all Auslänner:innen dat aktiivt a passiivt Walrecht sollten zougestane kréien, esou den Tommy Klein virun der Press.
Aner Strofe fir d'Net-Wielen?
Beim Sujet Sanktioune fir d’Net-Wiele goen, fuerderen d’Pirate Sozialstonnen am Plaz Geldstrofen. D’LSAP well virun allem op politesch Educatioun setzen an d’adr well eng Prozedur aféieren, fir genee ze definéieren, wat mat de Walberechtegte geschitt, déi net wiele ginn. Déi gréng wëllen eng Vereinfachung vum Bestrofungssystem – ouni dat weider auszeféieren. An déi Lénk stellen d’Bestrofung u sech a Fro. D’CSV äussert sech och hei net dozou.
Bis Redaktiounschluss hat den 100,7 Acces op d'Propose vun der LSAP, déi Lenk, déi gréng, de Piraten, der CSV an der adr. D'DP wäert hir Propose muer, Donneschdeg, an d'Chamber erareechen.