Radioen

On air

De gemittlechen Owend  |  Etienne-Nicolas Méhul - Sinfonie Nr.1 a Sol Mineur, I. Allegro - Solistes Européens, Luxembourg, Christoph König (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Küstewuecht: Keng Indicen op gréisser Mieresverknaschtung 

Schëffskollisioun an der Nordsee

Küstewuecht: Keng Indicen op gréisser Mieresverknaschtung 

No der Kollisioun tëscht dem Pëtrolstanker an dem Cargo-Schëff “Solong” virun der englescher Küst géifen et keng Indicë fir eng gréisser Mieresverknaschtung ginn, sou déi brittesch Küstewuecht.

auto_stories

1 min

Grafikkaart vun der Plaz vun der Schëffskollisioun vum 10. Mäerz | ©  picture alliance/dpa/dpa Grafik | dpa-infografik GmbH
Foto: Picture alliance/dpa/dpa Grafik | dpa-infografik GmbH

No dräi Observatiounsflich mat Helikopteren hätt ee keng gréisser Fuite gesinn, mellt déi brittesch Küstewuecht. 

Um Cargo-Schëff “Solong” géifen et ëmmer nach kleng Bränn ginn. D’Schëff wier awer mëttlerweil op eng sécher Plaz ofgeschleeft ginn. 

Een Doudegen

D’Cargo-Schëff war e Méindeg mam Pëtrolstanker “Stena Immaculate” virun der englescher Küst kollidéiert. Béid Schëffer waren a Brand geroden. Den Tanker hat 35 Millioune Liter Fligerbensinn gelueden, déi wieren awer bei de Bränn verdämpt. Dat mellt d’US-Entreprise “Crowley”, déi fir den Tanker zoustänneg ass. 

D‘Ursaach vum Ongléck ass nach net kloer. Et gouf een Doudegen. Déi 36 Membere vun der Besatzung goufe sécher u Land bruecht. De russesche Kapitän vum Cargo-Schëff “Solong” gouf wéinst Verdacht op “Homicide parnégligence” festgeholl.