Et gouf ganz um Ufank vun der Feier a Presenz vum Premier Luc Frieden, dem Aarbechtsminister Georges Mischo, an der Sozialministerin Martine Deprez, een Opruff gemaach, den 28. Juni un déi grouss Protestmanifestatioun vum Front syndical OGBL-LCGB deelzehuelen. Den LCGB erwaart sech do eng héichParticipatioun mat tëschent 10.000 a 15.000 Manifestanten.
Derbäi kennt eng Postkaartenaktioun, déi d’Läit dozou oprifft, dem Premier Luc Frieden déi eege Revendicatiounen ze schécken. An der éischte Mee Ried huet den LCGB President vu regelrechten Attacken op déi national representativ Gewerkschafte geschwat. Et wier eng Attack op de Sozialmodell.
Kritik um Aarbechtsminister
De Patrick Dury huet d’Decisioun vum Aarbechtsminister, d’Sonndesaarbecht an d’Ëffnungszäiten ouni Consultatioun vun de Gewerkschaften auszebauen, als inakzeptabel bezeechent. Den LCGB schwätzt do vun enger liberaler Dereguléierung.
Kritik gouf et och wéinst der geplangter Pensiounsreform. Och do hätt d’Sozialminister eng Consultatiounscampagne annoncéiert, déi awer wäit ewech ass vu representative Resultater. Just 2.700 Persounen hätten drun Deel geholl, vu 600.000 Assuréeën.
Eng Reduzéierung vun de Pensioune géifen d’Gewerkschaften och net akzeptéieren.
Pro Auslännerwalrecht
Generell géif déi aktuell CSV-DP-Regierung den Tripartietmodell mat 3 Partner refuséieren, d’Gewerkschaftsrechter a Fräiheete wéilt d’Regierung ofschafen, an d’Exekutiv hätt den Acquis vun de Leit aus dem Privatsecteur um Beispill vun de Kollektivverträg an de Pensiounen am Viséier.
De Patrick Dury huet och gefuerdert, datt d’Auslännerwalrecht fir d’Chamberwalen soll agefouert ginn. Iwwer deen Wee kéint d’Chamber nees representativ sinn. D’Regierung kéint iwwer dee Wee och aner Decisiounen treffen, déi en faveur wiere vun de Leit, déi am Privatsecteur schaffen. Eng Fuerderung, déi iwwregens net nei ass.