Datt de Projet de loi iwwer d’Ëffnungszäiten am Commerce a Sonndesaarbecht um Dag vun der Aarbecht eng grouss Roll bei de Gewerkschaftsfeiere gespillt hunn, war ze erwaarden. Den OGBL an den LCGB hate sech jo schonn dogéint ausgeschwat a gefuerdert, datt de Gesetzesprojet zeréckgezu gëtt.
Der “Willkür vum Patron ausgesat”
Wann ee sonndes d’Aarbechtsstonnen am Commerce vu 4 op 8 Stonnen eropsetzt, wieren d’Salariéen der “Willkür vum Patron ausgesat”. D’Regierung soll dee Projet de Loi ganz zeréckzéien, esou d’Nora Back.
“Joresreferenzperiod, Verkierzung vun de Pausen, Verlängerung vun der Wochenaarbechtszäit, manner wéi 44 Stonne Paus pro Woch, manner Congé méi schaffen: All déi dote Grujelegkeeten, dat ass dat, wat eis Regierung an hirem Koalitiounsprogramm aus dem Wonschkatalog vun der UEL kopéiert huet. Et ass schrecklech. Et ass dat, wat si Moderniséierung nennen, ma et ass einfach emol e Réckschrëtt an d'Aarbechtszäite vum leschte Joerhonnert.”
Net nëmmen d’Sonndesaarbecht wier problematesch, seet d’Nora Back an hirer Ried gëschter um 1. Mee. Och den Avant-projet de loi iwwer d’Versammlungsgesetz huet si kritiséiert.
"Schlussendlech, Kolleeginnen a Kolleegen, gi mir ironescherweis den 28. Juni och manifestéieren, fir eist Recht op d'Manifestéieren, well nodeems den Här Gloden sech fir d'éischt emol mat den Heescherten auserneegesat huet, geet hien elo géint d'Manifestatiounsrecht vir. Ass dat elo d'Demokratieverständnis vun eiser Regierung?"
Sozial Ongläichheeten stäerken de Rietsextremismus
D’CSV-DP Regierung géif dem Nora Back no eng Politik féieren, déi dem Patronat ze gutt kéim. Eng Kritik, déi net nei ass, an och lescht Joer um 1. Mee geäussert gouf. Den Ament géif virun allem d’Verdeedegungsstrategie ze bedenke ginn.’’
“D'Regierungsparteien, déi soen eis haut: Nee, Sozialofbau, dat wier fir si déi rout Linn, wann et ëm d'Verdeedegungsdepensë geet. Ma dat ass och fir eis déi rout Linn. A mir wäerten do oppassen, a mir wäerten et net dulden, an dat ass e ganz fermen Avertissement un d'Regierung, datt och nëmmen een Euro deene schaffende Leit an hire Famillen ewechgeholl gëtt, fir déi privat Rüstungskonzerner ze beräicheren.”
D’Presidentin vum OGBL huet op en Neits gewarnt, datt sozial Ongläichheeten d’Verbreedung vum Rietsextremismus stäerke géifen.
“D‘sozial Nout, d‘Perspektivlosegkeet, d’Angscht virum sozialen Ofstig sinn a bleiwen d’Waasser op d’Mille vun der rietsextremer Dynamik.”
Weider huet d’Nora Back och den LCGB wärend hirer Ried begréisst, déi selwer zu Réimesch den 1. Mee gefeiert hunn. Dëst am Zeeche vun der Gewerkschaftsfront, déi si dëst Joer gebilt hunn.
D’OGBL-Presidentin huet nach eng Kéier mat engem Generalstreik gedreet. Dat ënner anerem mat der Fuerderung vun engem verbesserte Kollektivvertragsgesetz.
Méi Rechter fir Personaldelegatiounen
Weider huet d’Nora Back kritiséiert, datt d’Regierung elo massiv an d’Verdeedegung investéiere wëllt, obwuel ee jorelaang net genuch an d’Educatioun oder an de Logement investéiert hätt.
Personaldelegatiounen an den Entreprisë sollen och méi Rechter kréien. E Beispill fir d’Ënnerdréckung vun den Delegatioune wier déi rezent Affär bei Caritas Jeunes et Famille, bei där d’Direktesch véier Membere vun der Personaldelegatioun wëllt kënnegen.