Eemol sollen d’Primme fir elektresch Luedborne weider verlängert ginn. Dat selwecht gëllt fir de Kaf vun engem Elektroauto. Nei ass dann de Leasing social fir Elektromobilitéit, deen et och finanziell méi schwaach gestallte Stéit et soll erlaben, bei der Energietransitioun matzemaachen.
Neie Prefinanzement fir Elektroautoen
Grondsätzlech ginn am neie Regimm déi al Conditiounen déi zënter 2024 bestinn, fir weider véier Joer iwwerholl.
6.000 Euro gi bäigeluecht fir Ween, déi bis zu 16 kWh op 100 Kilometer verbrauchen, 3.000 Euro fir Autoe déi bis zu 18 kWh pro 100 Kilometer verbrauchen.
Sportsween mat méi héijem Verbrauch ginn net subventionéiert. Si maache laut Gesetzestext manner wéi 10 Prozent vun de Venten aus. Fir E-Bikes gëtt et just eng Primm wann ee Recht op d’Allocation de vie chère huet.
Nei ass, datt vum 1. Januar vum nächste Joer un och e Prefinanzement wéi bei de Photovoltaikanlagen méiglech ass.
Leasing social fir Elektroautoe geplangt
Dergéint ass de Leasing social, dee laut Tripartite-Accord op den 1. Januar soll virgezu ginn, fir Lëtzebuerg e komplett neien Terrain, dee sech u Leit mat niddregem Akommes riicht, wéi de President vun der Ëmwelt- a Klimakommissioun Paul Galles vun der CSV erkläert.
“Et ass och fir vill Haushalter, besonnesch déi, déi méi akommesschwaach sinn, ze vill, soudass si guer net dru ginn an och si och primmt an näischt bréngt. An de Leasing social, dee soll eeben e Wee aféieren, dass déi Leit deen Auto net musse kafen, mee si kënne leasen.”
Dat géif bedieten, datt dës Leit eigentlech keng eege finanziell Opwendung misste bréngen, fir den Auto iwwer eng Zäit kënnen ze leasen.
“Wat de Leasing kascht, dat gëtt dann och vum Staat dann iwwerholl. Dat heescht, et soll eigentlech e méi einfache Wee sinn, fir dann trotzdeem op déi Elektromobilitéit ëmzestellen. Et ass wierklech innovativ. Et gëtt et schonn an anere Länner. An ech sinn immens frou, dass mir et elo hei aféieren am Bezuch op d'Elektroautoen.”
Dervunner profitéiere kënne just Leit déi den zoukënftegen Complément de vie chère kréien. Dat éischt Joer kënnen zousätzlech och déi Leit se ufroen, déi fir d’Energieprimm eligibel sinn: Den Auto selwer däerf maximal 16 kWh pro 100 Kilometer verbrauchen. Eng elektresch Occasioun muss op d'mannst dräi Joer al sinn.
De Leasing-Kontrakt muss dann och op d'mannst dräi Joer lafen. Theoretesch kéime 44.000 Stéit fir dëse Leasing a Fro.
De Paul Galles ass dann och optimistesch, datt déi dräi Projete bis den 1. Januar vum nächste Joer kënnen ofgeschloss ginn.