Radioen

On air

De barocke Moien  |  Johannes Brahms - Sérénade Nr.2 a La Majeur, Op. 16, IV. Quasi menuetto - Linos Ensembel

play_arrow Live
opus

/ Léift fir dem Schumann seng Musek

Concert

Léift fir dem Schumann seng Musek

Den Dirigent a Komponist Jörg Widmann huet eng grouss Passioun fir d'Musek vum Robert Schumann. Hien deelt dës zesumme mam Bariton Christian Immler op engem Concert mat der Deutsche Radio Philharmonie vu Saarbrécken aus der Kongresshalle.

auto_stories

1 min

headphones

122 min

Jörg Widmann | © Marco Borggreve play_arrow
Den Dirigent a Komponist Jörg Widmann © Marco Borggreve

Am Oktober 2024 huet de Bariton Sänger Christian Immler zesumme mat der Deutsche Radiophilharmonie ee Concert an der Kongresshalle zu Saarbrécken gehalen.

Interpretéiert goufen "d'Frühlings-Sinfonie" an och d'Schumannliebe, e musikaleschen Hommage un de Schumann, geschriwwen an och dirigéiert op dësem Concert vum Jörg Widmann. Hien ass passionéierte Schumann-Connaisseur a ganz verdéift an dëse Repertoire.

Huelt Plaz an eisem 100,7 Concertssall a sidd dobäi bäi dësem flotte Programm. Mat Commentaire vum Lex Kauffmann.

Lauschterenplay_arrow

Programm:

  • Jörg Widmann: Schumannliebe
  • Robert Schumann (1810-1856): "Frühlings-Sinfonie" op. 38

Interpreten:

  • Christian Immler, Bariton
  • Deutsche Radio Philharmonie
  • Jörg Widmann, Direktioun