Radioen

On air

De barocke Moien  |  Domenico Scarlatti - Sonat fir Piano a Sol Majeur, K. 201, Vivo - Christoph Ullrich (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Vun heroeschen Téin, polneschen Aflëss an impressionistesche Klangfaarwen

Beethoven, Bacewicz an Debussy

Vun heroeschen Téin, polneschen Aflëss an impressionistesche Klangfaarwen

Ee Concert mam Leipziger Gewandhausorchester.

auto_stories

3 min

headphones

130 min

play_arrow
Leif Ove Andsnes, Pianist /©Gregor Hohenberg (Quell:www.concerti.de)

Lauschterenplay_arrow

Bei dësem Concert, deen den 29. November 2024 am Gewandhaus zu Leipzig opgeholl ginn ass, stoung nieft bekannten Nimm och dee vun enger polnescher Komponistin am Programmheft.

Den Ufank huet den norwegesche Pianist Leif Ove Andsnes awer mam Beethoven sengem 5. a leschte Piano Concerto gemaach. Vun dësem heroeschen a politesch motivéierte Stéck geet et dann eriwwer gaange bei déi 4. Sinfonie vun der polnescher Komponistin Grazyna Bacewicz. Dëst Wierk verbënnt déi sinfonesch Traditioun aus dem 19. Joerhonnert mat enger méi zäitgenëssescher Tounsprooch aus der Mëtt vum 20. Joerhonnert.

De Jeremy Ney, deen duerch dëse Programm féiert, erzielt iech ënner anerem nach méi iwwert d‘Liewe vun dëser aussergewéinlecher, polnescher Komponistin.

Zum Schluss hunn d’Museker vum Gewandhausorchester Leipzig zesumme mam finneschen Dirigent Sakari Oramo nach méi impressionistesch Téin zum Beschte ginn. Hei waren et dem Claude Debussy seng „3 Nocturnes“, déi e kloren Iwwergang vun der Romantik eriwwer an d‘Modern markéieren.

Dëse Concert kënnt dir bis den 18. Februar 2025 zu all Moment an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.

Programm

  • Ludwig van Beethoven (1770-1827): Piano Concerto Nr. 5 an Mi bémol Majeur, op. 73
  • Frédéric Chopin (1810-1849): Prélude Nr. 17 an La bémol Majeur, op. 28/17 (Encore)
  • Grazyna Bacewicz (1909-1969): Sinfonie Nr. 4
  • Claude Debussy (1862-1918): Nocturnes, L. 91 („Nuages“, „Fêtes“, „Sirènes“)

Interpreten

  • Leif Ove Andsnes, Piano
  • Gewandhauschor Leipzig
  • Gewandhausorchester Leipzig
  • Sakari Oramo, Direktioun