Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Georg Friedrich Händel - Sonat fir Gei a Basso Continuo Nr.14 a La Majeur, HWV 372, IV. Allegro - Jehanne Strepenne (Gei), Rosch Mirkes (Uergel)

play_arrow Live
opus

/ Lëtzebuerger Ausseministère réit weider vu Reesen an de Libanon of

Héije Risiko

Lëtzebuerger Ausseministère réit weider vu Reesen an de Libanon of

De Lëtzebuerger Ausseministère réit nach ëmmer dovun of, an de Libanon ze reesen, a verweist op seng Reessarnung vu Mëtt Abrëll.

auto_stories

1 min

Iwwert d’Plattform „Lëtzebuerger am Ausland“ hätten 8 Lëtzebuerger Residenten hiren Openthalt am Libanon deklaréiert, esou de Ministère op eis Nofro hin.

Däitschland huet seng Bierger schonn e puer Mool opgeruff, de LIBANON wéinst der aktueller Situatioun ze verloossen.