E Bericht vun Enn Mäerz vu Médecins du Monde France beschreift déi schwiereg Aarbechtsbedingungen an d'Konsequenze fir d'Gesondheet vun de Plattformliwweranten bei Uber an Deliveroo a Frankräich.
Maximal Ufuerderungen, déi Stress verursaachen
64 Prozent vun hinnen hu keng Openthaltserlabnis. Et si majoritär jonk Migranten, déi a prekäre Wunnenge liewen a vun deenen een Drëttel keng Krankeversécherung huet.
Bal d‘Hallschent verbréngt op d'mannst een Dag pro Woch ouni Iessen. 91 Prozent si wirtschaftlech vun dëser Aarbecht ofhängeg a schaffen an der Moyenne iwwer 50 Stonnen an der Woch fir en duerchschnëttlecht Nettoakommes vun 880 Euro de Mount, nodeems si d'Käschte fir de Konto bei der Plattform, d’Ausrüstung, an esou weider bezuelt hunn.
Den algorithmesche Management vun de Plattformen ass op maximal Ufuerderungen a Stress opgebaut. Liwwerunge mussen hannerteneen ofgeschloss ginn, mat erhéichtem Risiko fir Accidenter, Verletzungen a psychesch Iwwerlaaschtung.
Angscht viru schlechte Bewäertungen
44 Prozent kloen iwwer eng Verschlechterung vun hirem Gesondheetszoustand zënter dem Ufank vun hirer Plattformaarbecht. Een Drëttel hu Réckeproblemer a Kappwéi, verspieren eng chronesch Middegkeet an hu Problemer am Genitalberäich a beim Waasserloosse wéinst de ville Stonnen um Vëlo oder Scooter.
Ee vun dräi Plattformaarbechter verzicht op medezinesch Versuergung - aus Geldmangel oder aus Angscht, ouni Openthaltserlabnis ausgewisen ze ginn.
Zwee Drëttel haten op d'mannst schonn een Aarbechtsaccident, mee 94 Prozent vun hinnen hunn dat net bei der Versécherung vun der Plattform gemellt, well si hir Rechter net kennen oder aus Angscht vun den Algorithme schlecht Bewäertungen ze kréien.
Beleidegt an erniddregt
D’Etüd vu Médecins du Monde France weist ënner anerem och, datt besonnesch afrikanesch Plattformaarbechter Beleidegungen, Erniddregungen, Veruechtung oder systematesch negativ Bewäertunge vun de Cliente mussen erdroen.
Och dës gesetzeswiddreg Diskriminéierunge gi seele gemellt, well d'Liwweranten eng Desaktivéierung vun hirem Kont op der Plattform fäerten.
Dëst sinn Zuelen an Ëmstänn, bei deenen engem hallefweegs empathesche Mënsch geliwwert Iessen am Hals stieche bleift. Och wann net alles aus der Etüd eent zu eent op Lëtzebuerg kann iwwerdroe ginn, esou sinn d'Aarbechtskonditioune vun de Liwwerante bei eis sécher änlech an erënneren éischter un Affer vu Mënschenhandel ewéi u Fräiberuffler.
Eng EU-Direktiv soll Hoffnung maachen
Eng Europäesch Direktiv verlaangt vun de Memberstaate, bis Dezember 2026 Moossname fir d'Verbesserung vun de Konditioune vun de Plattformaarbechter ëmzesetzen, haaptsächlech iwwer eng kloer Definitioun vum Statut als Beschäftegten an net als Independant.
An der Praxis ass dat awer net esou einfach an d'Approche vun der Regierung a vun de Gewerkschafte leien an dësem Beräich wäit auserneen.
Mat allen negative Konsequenze fir de Liwweranten hir Aarbechtskonditiounen, hir Gesondheet, hir sozial Ofsécherung oder d'Regulariséierung vun hirem Openthalt.
E wichtegen ekonomeschen Acteur
Plattformaarbechter si keng Schmarotzer, déi vun eisem System profitéieren an eis Stroosse mat hire geféierleche Gefierer onsécher maachen. Si sinn ekonomesch relevant Acteuren, déi d'Offer an d'Demande am Beräich vun der dagdeeglecher Verfleegung beienee bréngen.
Wa mir si schützen, schütze mir eng wichteg Aarbechtskraaft, vun där mir Konsumenten ëmmer méi ofhängeg sinn. Fir eisen eegene Confort a fir d'Zukunft vun eiser Restauratioun.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.