Album vun der Woch

Lorde - "Virgin"

De véierten Album vun der Popmusekerin Lorde wierkt wéi en Zeréckgoen un d’Ufäng. Musikalesch si mer rëm méi bei Alben, wei Melodrama vun 2017. D’Texter si riicht eraus a réi, klengen awer nach ëmmer poetesch.

auto_stories

2 min

D'Musekerin Lorde um Glastonbury Festival am Juni 2025 | © picture alliance / Photoshot | -
D'Musekerin Lorde um Glastonbury Festival am Juni 2025 (Foto: picture alliance / Photoshot | -)

Gepräägt ass d’Musek vun engem Bezéiungs-Enn, d’Offanne mat enger Iessstéierung an enger manner enker Definitioun vu Gender: Wéi Weiblechkeet och mat Männlechkeet kann zesummenhänken. 

Transparenz

Transparenz ass kloer d’Iwwerschrëft vum Projet. Eleng de Cover weist eng Röntgen vun der Kënschtlerin hirem Becken, wéi wa mer an si era géinge kucken. Hei spigelt sech och rëm Thema vun der Weiblechkeet erëm, well mer eng Spiral kënnen erkennen.

Och d’Vinyl déi fir de Projet erauskomm ass, ass duerchsiichteg. An duerch d’Texter wierkt et och esou, wei wann d’Kënschtlerin ganz transparent mat eis wier. Et ass keng Verschéinerung dobäi, si seet eis ganz kloer wat grad lass ass bei hir a wei si déi komplizéiert Gefiller vun de leschte Jore verschafft.

Virgin

Den Titel vum Album bezitt sech net op Jongfra si wéi mir et am éischte Moment géinge verstoen. Den Album ass sexuell. Éischter geet et em d’Onschold, zum Beispill wann een eng Erfarung fir déi éischte Kéier mécht an d’Opreegung déi do dobäi ass. Zum Beispill wann een e Schwangerschaftstest maache muss an op d’Äntwert waart, egal wei eng Äntwert ee gären hätt.

Do spillt dann och rëm d’Iddi vum Teenager mat: Déi Phasen am Liewen, wou ee ganz vill verschidden éischt Erfarunge mécht a ganz duercherneen ass. Wou ee vill penibel ass, an alles aus engem erausspruddelt. Genau dat gesäit d’Musekerin als eng magesch Zäit, an dat soll den Album Virgin eis fille loossen.

Coming of age

Déi Iddi sech zeréck un déi Onschold als Teenager ze erënneren an dat nach eng Kéier nei ze verschaffe wierkt wei eng “Coming of age” Geschicht. Also wéi een sech a sengem Liewe weider entwéckelt an ënnerschiddlech op déi verschidde Phasen zeréck kuckt.

Den Album Virgin mécht déi lescht Joren zesumme mat den aneren Albe ronn. Den éischten Album “Pure Heroin”(2013) huet sech mat Teenager si beschäftegt (d’Musekerin war selwer just 17 Joer al) an all déi Angscht déi een an deem Alter spiert. “Melodrama” (2017) ass, wann een déi éischte Kéier säin Häerz gebrach kritt. “Solar Power” (2021) doriwwer wann ee mat Ufank 20 mengt, et hätt een esou lues verstane wat lass ass a wou et hi geet.

Virgin weist, datt ee mat Mëtt- bis Enn 20 mierkt, datt ee vläit awer nach net alles verstanen huet, mee net méi panikéiert doriwwer. Et weess een net wou et higeet oder wei et weidergeet, an dat ass vollkommen ok an och gutt. Oder souguer magesch a wichteg.