Aussepolitik

Luc Frieden: Regierung steet hanner Gesetzesprojet fir Import-Verbuet

Um Bord vum EU-Sommet confirméiert de Premier d’Annonce vum Ausseminister Xavier Bettel en Donneschdeg an der Chamber: De Gesetzprojet iwwer een Importverbuet vu Produiten aus illegalen israeelesche Siidlungen dierft deemno am Regierungsrot ugeholl ginn.

auto_stories

2 min

Luc Frieden  | © SIP / Frédéric Sierakowski
Luc Frieden (Foto: SIP / Frédéric Sierakowski)

Déi ganz Regierung steet hanner dem Gesetzprojet iwwer een Importverbuet vu Produiten aus den illegalen israeelesche Siidlungen. Dat confirméiert de Premier Luc Frieden um Bord vum EU-Sommet zu Bréissel.

Den Ausseminister Xavier Bettel hat en Donneschdeg an der Chamber annoncéiert, hie géing muer am Regierungsrot esou ee Gesetzestext proposéieren. “Ech hoffen, datt mir eis dorop kënnen eenegen”, esou den DP-Minister en Donneschdeg de Moien an der Chamber. 

Premier war iwwer Annonce an der Chamber informéiert

“Selbstverständlech huet den Ausseminister, ier hien dat an der Chamber gesot huet, mat mir doriwwer geschwat”, esou de Luc Frieden. 

"Dat ass also eng Linn, déi vun der ganzer Regierung selbstverständlech vertruede gëtt." 

Am Regierungsrot géif e Freideg eng Diskussioun doriwwer gefouert, esou de Premier. Hie géing dee Conseil vu Bréissel aus online presidéieren.

D’Meenungen doriwwer, ob esou een nationalen Import-Verbuet géint EU-Recht verstéisst, ginn auserneen. D’EU ass nämlech normalerweis fir den Handel zoustänneg.

Lëtzebuerg wier fir europäesch Léisungen, sot dozou nach de Premier. Well et déi hei net gëtt, misst “ee kucken, ob een national Léisungen dobäi setzt”. 

Et wier awer evident, datt et an esou Froen ëmmer besser wier, eng europäesch Léisung ze hunn.