Fussball

"Mir wëssen, datt mir international mathale kënnen": U15 mécht Loscht op d'Zukunft

Siwe vun zéng Matcher op enger Weltmeeschterschaft ze gewannen: Dat ass eppes, wouvun d'Härennationalekipp am Fussball nëmme kann dreemen. Den Nowuess aus der U15-Nationalekipp huet an de leschten Deeg awer genee dat fäerdegbruecht.

auto_stories

5 min

headphones

11 min

© FLF play_arrow
(Foto: FLF)

Am Aserbaidjan huet eng éischte Kéier eng U15-Weltmeeschterschaft am Fussball am grousse Stil stattfonnt. Am Ganze waren 189 Ekippen dobäi. Am Virfeld huet ee sech och net misste qualifizéieren.

Um Enn hunn déi jonk Rout Léiwe sech als 68. Ekipp placéiert.

"Mir wëssen, datt mir international mathale kënnen"

E Resultat, dat ee virum Tournoi direkt ënnerschriwwen hätt, seet de Pol Hansen am 100,7-Interview. Hien ass den U15-Nationaltrainer.

Ganz iwwerrascht war hie vun der Performance vu senger Ekipp awer och net.

“Op där anerer Säit wësse mir, datt d'Jonge vill Potential hunn, datt et eng gutt Generatioun ass an och ebe wéi déi lescht Joren op der Federatioun duerch déi verschidde Kategorië geschafft huet, wësse mir schonn, datt mir och international mathale kënnen, well mir awer trotzdeem och ëmmer erëm international teste ginn.”

De Pol Hansen wëllt awer net ze vill op d’Placéierung kucken, mee intresséiert sech an éischter Linn fir d’Aart a Weis, wéi seng Jonge gespillt hunn. 

© picture alliance/dpa | Patrick Reichardt
(Foto: picture alliance/dpa | Patrick Reichardt)

Just ee Géigegol, deen den Ënnerscheed gemaach huet

Unhand vun der Placéierung an der FIFA-Weltranglëscht an dem Ofschneide bei de leschte Qualifikatioune sinn d’Natiounen a verschidde Lousdëppe verdeelt ginn. Lëtzebuerg war um Enn an enger Grupp mat Südkorea, St. Vincent an de Grenadinnen, Bhutan, Litauen an de Vereenegten Arabeschen Emiraten. 

Dës Matcher konnte bis op dee géint Südkorea (2:4 Néierlag) gewonne ginn.

An der zweeter Phas konnt ee sech dräimol kloer géint Liberia (8:2), Malawi (7:2) an Indonesien (6:1) duerchsetzen. Déi lescht zwee Matcher waren dunn awer Defaiten: 0:3 géint Tuneisen an 3:5 géint Schottland.

Dobäi wieren eng Rei Resultater ervirzehiewen, mengt den U15-Trainer.

“Mee natierlech hate mir awer och Südkorea dobäi, déi awer och en Abo hu bei de Weltmeeschterschaften. Litauen, wat awer e Land ass, wat méi grouss ass wéi mir. D'Vereenegt Arabesch Emiraten, déi awer och vill Mëttelen do investéieren, och an de Jugendfussball.”

Um Enn hätt och just ee Géigegol géint Südkorea den Ënnerscheet tëschent der éischter an der drëtter Plaz an der Grupp gemaach.

Um Enn soll d'Senior-Nationalekipp och profitéieren

Eng Jugend-WM an dësem Format war eng Neierung. All Ekipp huet och d’selwecht vill Matcher gespillt, fir datt een net huet missen direkt heem fueren.

Fir d’nächst Joer ass och esou en Turnéier fir d’Meedercher geplangt. 

Souwuel fir d’Jongen, wéi och fir d’Meedercher wier et eppes ganz Besonnesches, bei enger WM deelzehuelen, betount de Pol Hansen. 

An awer besteet natierlech nach ëmmer de Risiko, datt Spiller:inne mat enger Duebelnationalitéit sech dozou entscheeden, d’Natioun ze wiesselen. Do ännert dem Pol Hansen no och eng garantéiert Participatioun un enger Jugend-WM näischt drun. Aner Länner wiere jo schliisslech och dobäi.

Et kann awer duerchaus och eng positiv Auswierkung hunn.

“Datt een einfach gesäit, zu Lëtzebuerg huet ee gutt geschafft. Mir probéieren all Generatioun, all Jongen, déi d'Fussballschoul zu Monnerech duerchlafen, (...) esou gutt wéi méiglech ze preparéieren, datt mir, wann duerno d'Jongen an eng U16, an eng U17 kommen,  esou vill wéi méiglech an d'Ausland kréien, an datt eben och doduerch no an no d'Qualitéit vun de Spiller ëmmer besser gëtt, datt den Nationaltrainer duerno ëmmer méi Auswiel huet.”

Esou géing den Niveau vun der Nationalekipp automatesch eropgoen, ënnersträicht de Pol Hansen.

Eng essenziell Phas fir d'Spiller an deem jonken Alter

Aktuell wier et awer schwéier ze soen, wéi vill Spiller aus der U15-Nationalekipp de Sprong bei d’Seniore packen. Et wier awer elo eng wichteg Phas an hirer sportlecher Karriär, well ee mat 16 Joer réischt an dat méi wéi 100 Kilometer wäit fort Ausland wiesselen dierf. Do virdru sinn d’Transferten op dat ganzt not Ausland limitéiert.

“Ech mengen, et si ganz vill Jongen dobäi, wou international um Radar sinn. Mir mengen awer schonn, datt do d'Qualitéiten do sinn, datt mir vun enger hallwer Dosen, wann net méi souguer, schwätzen, déi awer elo mol de Sprong an en auslänneschen Centre de formation packen. Wéi et duerno ass, dat hänkt vill vun hinnen of.”

Talent wier nämlech déi eng Saach, déi aner wiere Mentalitéit an Disziplin, betount de Pol Hansen.

Den U-15 Nationaltrainer Pol Hansen | © Radio 100,7
Den U-15 Nationaltrainer Pol Hansen (Foto: Radio 100,7)

Frankräich klasséiert sech hanner Lëtzebuerg

Gewonnen huet d’U15-WM Spuenien, déi sech och scho bei der Weltmeeschterschaft vun den Hären am Summer behaapte konnten. Schonn an deem jonken Alter hätt ee vill Komponenten erëmerkannt, déi een och aus der Weltmeeschter-Ekipp kennt, seet de Lëtzebuerger U15-Trainer.

Dat wier awer wéineg verwonnerlech, well a Spuenien iwwer Joren hiweg eng ganz genee Philosophie verfollegt gëtt, an d’Spiller schonn a jonkem Alter domat a Kontakt kommen.

Eng negativ Iwwerraschung waren d’Fransousen, déi souguer hanner de Roude Léiwe gelant sinn.

“Et muss een awer och zur Wourecht soen, datt d'Fransouse mat där jonker Generatioun gespillt hunn.”

Um Enn vum Dag hätten déi grouss Natiounen awer ëmmer de Virdeel, datt si vun engem grousse Spillerpool profitéiere kënnen, esou nach de Pol Hansen.

Lauschterenplay_arrow