Beim Lännermatch géint Bulgarien am Oktober hat de Maxime Chanot refuséiert, sech op d’Bänk ze setzen, nodeems den Nationaltrainer him matgedeelt hat, datt den Inneverteideger de Match net géif ufänken. Doropshin huet den Trainer vun de Roude Léiwen decidéiert, de Chanot net fir déi ustoend Lännermatcher géint Bulgarien an Nordirland ze beruffen.
De Communiqué vum Maxime Chanot ugangs der Woch, an deem de Luc Holtz a säi Staff staark kritiséiert ginn, war ausschlaggebend, datt de Maxime Chanot ënnert dem Luc Holtz wuel net méi wäert spillen.
De Leandro Barreiro gouf par contre beruff, obwuel hien déi lescht 5 Matcher fir Benfica mat enger Blessur ausgefall ass.