De Mineur kritt jo virgehäit, de Stéifpapp op Neijooschdag 2025 zu Esch virsätzlech mat enger Abberzuel Messerstéch ëmbruecht ze hunn. De Beschëllegte war deemools 16 Joer al. An engem Mount gëtt hie groussjäreg.
Um Stater Geriicht ass den Ugeklote bei sengen Aussoe vu bis elo bliwwen, datt hien dem Stéifpapp Angscht maache wollt, virum Hannergrond vun der Gewalt, déi vun deem ausgaange wier. Hien huet allerdéngs och vun enger Konfessioun vu sengem Hallefbrudder geschwat.
Wéi war den Hallefbrudder involvéiert?
Dëse Jonken, dee wéinst de Faiten nach Rendez-vous um Jugendgeriicht huet, hätt him nämlech zu Dräibuer gesot, datt och hien zougestach hätt. Den Hallefbrudder hätt um fatalen Dag gewollt, datt si zwee dat spéidert Affer mat Messere konfrontéiere géifen. Deen déidleche Coup hätt hien awer wuel ginn, esou de Beschëllegten.
Dat, well hien Angscht hat, datt de Stéifpapp ënner anerem senger Mamm méi schlëmm Saachen undoe géif. Hie géif d’Dot bedaueren a wéilt sech och dofir entschëllegen.
D’Mamm hirersäits huet betount, datt hire Mann hire Fils zwee Deeg virun der Dot mam Hals geholl hätt. Dat spéidert Affer hätt dem Ugekloten och nach gesot, si sollte matenee kämpfen.
Roll vun der Mamm net kloer
De Beschëllegten hätt de Silvesterowend dofir mat Kolleege wëlle verbréngen an net mat der Famill. Op hir Remark hin, si hätt an der Nuecht op Neijooschdag kee Sträit mat hirem Mann gehat, huet de President vum Geriicht gemengt, si géif dem Ugekloten elo geschwë säi lescht Motiv huelen.
Den eenzege Grond, fir d’Wourecht net ze soen, wier wuel deen, datt si eppes mat der Dot ze dinn hätt, esou de Riichter. An datt déi zwee Bouwe wuel net eleng op d’Iddi komm wieren, fir d’Affer ëmzebréngen. Wouropshi si erkläert huet, si géif sech bei hirem Fils entschëllegen, well deen heiduerch misst.
Um Enn huet de Riichter si nach gefrot, ob si sech bewosst wier, datt een haut net um Geriicht wier, wa si reagéiert hätt. “Wéi hätt ech dat kënnen?”, huet si dorop geäntwert.
Dëse Prozess dierft en Donneschden op en Enn kommen.