Aarbechtszäit

Marc Spautz: Nei Zuelen zu Aarbechstzäite sollten net zu séiere Conclusioune féieren

Datt hei am Land ëmmer méi Leit deelzäit schaffen, géif eng ëmmer méi grouss Roll spillen, et sollt een awer net ze séier Conclusiounen zéien, esou de Marc Spautz als Reaktioun op déi nei Zuele vum Eurostat.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

De Marc Spautz | © Jo Diseviscourt play_arrow
De Marc Spautz (Foto: Jo Diseviscourt)

Dei nei Zuele vum Eurostat weisen, datt déi duerchschnëttlech Wochenaarbechtszäit fir Vollzäit- an Deelzäitbeschäftegter vun 2015 bis 2025 vun 38,1 op 35,7, also ëm 2,4 Stonnen, zeréckgaangen ass. 

Mir mussen et fäerdeg bréngen Aarbecht a Familljeliewen, a gläichzäiteg d’Produktivitéit an d’Kompetitivitéit openeen ofzestëmmen, esou den CSV-Minister Marc Spautz. Néideg wier hei “de richtegen Equiliber”.

Der Tripartite net virgräifen

Dowéinst wéilt hien eng Orientéierungsdebatt an der Chamber iwwer d’Aarbechtszäitorganisatioun féieren. Dës hat hie schonn am Mäerz annoncéiert. 

Op d'Fro, ob dee Sujet och an der Tripartite géif beschwat ginn, sot de Marc Spautz, déi géif ënner der Leedung vum Premier Luc Frieden gefouert ginn. 

"Do sinn déi eenzel Fuerderungen erakomm, souwuel vun de Kolleege vun de Gewerkschafte wéi vun de Patrone wéi vun der Landwirtschaft. Ech mengen do leie Proposen an Iddien um Dësch, mee dat ass elo nach vill ze vill fréi fir doriwwer ze schwätzen an ech wëll do der Tripartite net virgräifen."

D’Tripartite-Reunioune si fir muer de Mëtteg an ee Mëttwoch de Mëtteg am Schlass zu Senneng geplangt.

D’CSV-DP-Regierung wäert do mat de Vertrieder vun de Gewerkschaften a vum Patronat verhandelen. Am Virfeld hunn d’Vertrieder gesot kritt, si sollte sech och den 8., den 9. an den 10. Juni all Kéier de ganzen Dag fräi halen, huet et op eis Nofro aus Gewerkschaftskreesser geheescht.

Manktem u qualifizéiertem Personal "ee ganz grousse Problem"

Zur Fuerderung vum UEL-President Michel Reckinger, datt hei am Land erëm méi misst geschafft ginn, fir d’Produktivitéit héich ze halen, seet de Marc Spautz, datt de Mangel u qualifizéiertem Personal a verschiddene Secteuren “ee ganz grousse Problem” wier.

"Dofir ass et och a verschidde Secteure ganz problematesch, wéi deen Aarbechtsopwand, deen do ass, an déi Aarbecht, déi do ass, fir déi alleguerte kënnen ze bewältegen."

Et géif een net déi qualifizéiert Leit fannen, déi ee bréicht, esou de Marc Spautz. 

"An do musse mer driwwer diskutéieren, wéi mer et fäerdeg bréngen erëm, a verschidde Beruffer a verschidde Secteuren erëm dat attraktiv ze maachen."

OGBL: Réckgang vu Wochenaarbechtszäiten "am Zeeche vun der Zäit"

Datt déi duerchschnëttlech Wochenaarbechtszäit zeréckgaangen ass, wier keng negativ Entwécklung, esou den David Angel vum OGBL. Et géif een dat begréissen. Et wier och “am Zeeche vun der Zäit”, fir d’Aarbechtszäit weider erof ze setzen. 

"Mir gesi jo, datt déi technologesch Entwécklungen, d'Innovatioun allgemeng dozou féieren, datt Aarbecht ewechfält, datt et méiglech wier, déi Aarbecht, déi da bleift, aneschters ënner eis opzedeelen. Mir gesinn och, datt et eng Tendenz gëtt, grad bei deene méi jonke Leit, sech verstäerkt wëllen ëm hir Work-Life-Balance ze këmmeren." 

Eng Aarbechtszäitverkierzung kéint also dozou féieren, datt et méi einfach géif ginn, d’Beruffs- an d’Familljeliewen ënnert een Hutt ze kréien, an esou och zu manner psychologesche Krankheete bei deene Beschäftegten, esou den David Angel vum OGBL.

Eng Verkierzung vun der Aarbechtszäit kéint donieft een Ausgläich fir de méi zäitintensiven Aarbechtswee sinn.

Lauschterenplay_arrow