Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Jean-Philippe Rameau - Premier Concert, III. La Vézinet (Gayement sans vitesse) - Les Accents, Thibault Noally (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Sozialwale fir den ëffentlechen Déngscht: CGFP kritt Majoritéit

Staatsbeamtegewerkschaft deelt mat

Sozialwale fir den ëffentlechen Déngscht: CGFP kritt Majoritéit

23 vu 24 Sëtzer fir den ëffentlechen Déngscht géifen un d'CGFP goen, heescht et an engem Communiqué. D'Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC kéim hirersäits op 4 vu 5 Sëtzer.

auto_stories

2 min

Steve Heiliger a Romain Wolff | © SIP / Claude Piscitelli
Steve Heiliger a Romain Wolff (Foto: SIP / Claude Piscitelli)

D'Resultater goufe bis ewell nach net offiziell vum zoustännege Ministère matgedeelt.

Et wier ee ganz zefridde mam Resultat an der Participatioun vun dësem Joer, esou de President vun der FGFC Claude Reuter. Virun allem mat Bléck op d’Sozialwalen am private Secteur zejoert. Bei deene Wale loung de Participatiounstaux bei 34,4 Prozent.

“Ech mengen de leschte Sëtz ze kréien ass eng arithmeetesch quasi Onméiglechkeet. Et hu méi Leit matgemaach. Et waren natierlech och méi Leit eligibel fir ze wielen. Ech mengen 62 Prozent sinn net d'Welt. Awer et ass emol besser wéi an ale Sozialwalen.”

Dee leschte Sëtz kritt den OGBL

E konstant Resultat fir den OGBL par rapport zu de leschte Walen am Joer 2020.

Den SEW, also de Syndikat fir Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL, bleift och bei engem Mandat. D'’Presidentin Joëlle Damé weist sech zefridden, datt ee konstant bliwwe wier. Och wann et dës Kéier net beim Fondamental wier. D'Andeelung vun de Gruppe war nämlech an Tëschenzäit geännert ginn.

“Doduerch datt d'Chargé-de-coursen elo eleng waren, krute mir dann do bei de Chargé-de-coursen dee Sëtz bäi. Dat heescht, den SEW ass ëmmer bei engem Sëtz, awer eeben an engem anere Grupp.”

Beim Fondamental krut d'GFP nach ee Sëtz bäi zënter de leschte Walen.