Notamment Kontakter mat anere Molkereien hierzestellen, déi eventuell Mëllech kéinten ofhuelen. Éischt Optioune fir nei Keefer wieren der CSV-Landwirtschaftsministesch no Acteuren, déi hei um Marché sinn.
"Dat sinn natierlech déi Molkereien, déi warscheinlech fir d'éischt emol als Méiglechkeet a Betracht gezu ginn. Dat ass natierlech eis lokal Molkerei Luxlait. Dann hu mer nach aner Molkereien, déi och hei op de Marché Mëllech siche kommen. Dat ass eemol eng Dänesch u sech Arla an Hochwald. Déi kommen och Mëllech heihënner sichen."
Doriwwer misst een dann och mat de concernéierte Bauere schwätzen, esou d'Martine Hansen nach.
D‘Landwirtschaftsministesch huet dobäi war betount: Dës Acteuren, déi hei am Maart aktiv sinn, wieren all Genossenschaften, an et bräicht een Zäit, dat hire Memberen ze diskutéieren. Si missten dann och kucken, wou um Marché Plaz wier, d‘Mëllech vun den EKABE-Baueren ze vermaarten an ze verkafen.