Gëschter an der Mëttesstonn hat d’Genossenschaft eng Entrevue mat der CSV-Landwirtschaftsministesch Martine Hansen a gëschter Owend gouf et Erklärunge vum Prolek-Comité zu Jonglënster op enger Reunioun, déi hanner zouenen Dieren ofgelaf ass.
Lactalis-Réckzuch eng Iwwerraschung
Zwou Stonne laang souzen d’Baueren zesummen, fir iwwer de Réckzoch vum Mëllechkonzern Lactalis ze diskutéieren. Kloer ass: Keen hat sech déi Decisioun erwaart. Dozou de Fränk Daleiden, Comitésmember a Mëllechproduzent
"Ech menge fir d'éischt ass ee ganz staark ënner Schock, muss ech ganz éierlech soen. A mat der Zäit fänkt een eréischt un ze realiséieren, wat dat heescht. A vill schloflos Nuechten, ware schonn dobäi."
De Comité vun der Mëllechbaueregenossenschaft Prolek hätt d’Kaarten op den Dësch geluecht a senge Memberen erkläert wéi eng méiglech Pisten et géif ginn, de Vic Wirtz President vun der Prolek:
"Mir hu wierklech d'Kaarte ganz opgeluecht an an deem Sënn, souwäit mir dat kënnen an dierfen, a mir hunn eis alles erkläert vu wéi de Wäerdegang war a wat mir alles gemaach hu bis elo a wat mir alles erreecht hunn."
EKABE-Bauere wëllen eng Eenheet sinn
Ee Message op där Reunioun huet de President vun der Prolek, de Vic Wirtz, kloer betount.
"D'Eenheet ass ganz do. An déi gëtt och zu kengem Zäitpunkt a Fro gestallt."
Gëeent bleiwen an zesummen no engem Konzern sichen, dat war och de Message vum Fränk Daleiden. Hien ënnersträicht, wéi wichteg et wier fir een neie Konzern oder eng Molkerei ze fannen. Vill Mëllechbaueren hätten nämlech Scholden ze rembourséieren. Och hien huet vill a säi Betrib investéiert.
"Ech hat deemools zwee Mëllechrobotere kaaft an e Mëllechtank an de Stall mat de Kéi vergréissert an do ware mir bal bei der Millioun. Da kréie mir zwar Ënnerstëtzung, awer da bleift awer nach en décke Pak Schold do."
Wann een elo keng Mëllechpai méi kritt, wier déi Reschtschold net ze bezuelen.
Et hätt een elo ee Joer laang Zäit fir eng nei Molkerei ze fannen, et géif een optimistesch bleiwe fir d’Zukunft, hunn eng Rei Bauere gëschter Owend nach betount.