Dat schreift d‘CGFP an engem Communiqué am Virfeld vun der Reunioun vum "Comité de Suivi Tripartite" dësen Donneschdeg.
D’Regierung, d’Gewerkschaften an d’Patronat sollen dann decidéieren, wéi d’Energiemesuren d‘nächst Joer viru gefouert ginn. Déi aktuell staatlech Präissubventioune lafe jo Enn Dezember aus.
Regierung wëllt Hëllefe weiderféieren
Bei der leschter Reunioun Ufank d‘lescht Woch hat d'Regierung versprach, datt de Staat och am neie Joer déi aktuell Energiemesuren "op iergendeng Manéier" géif viruféieren – mee net onbedéngt genee d'selwecht wéi bis elo. Detailer, wat an der Diskussioun ass, huet de Premier deen Ament keng genannt.