Dem aktuelle Plang no hätt dësen Datenzenter, dee jo an enger Aktivitéitszon um Rouscht an der Gemeng Biissen soll entstoen, eng éischter schlecht Energieeffizienz, huet d’Joëlle Welfring festgestallt.
Wat bedeit de Bau vum Datenzenter fir d'Zil vun den erneierbaren Energien ze eerreechen?
Déi gréng Deputéiert huet den DP-Minister Lex Delles gefrot, ob nei Datenzenteren hei am Land net awer deene beschte Standarde missten entspriechen.
"Zum Stroumverbrauch: hei solle bal 1.000 Gigawattstonnen d’Joer verbraucht ginn, wat ongeféier dem Verbrauch vun alle Menagen zu Lëtzebuerg entsprécht. Dat ass also schonn een zimmleche Batz."
Donieft wollt d’Deputéiert wëssen, wéi een eventuelle finanziellen Impakt fir de Staat den Engagement vun 100 Prozent gréngem Stroum fir den Datenzenter kéint hunn.
"An och den Impakt ofzeschätzen, wat dat hei bedeit, vun Ustrengunge fir trotzdeem eist Zil vun 2030 ze erreechen, fir 39 Prozent vum Stroumverbrauch hei am Land selwer mat erneierbaren Energien ze produzéieren?"
Ofwiermt soll genotzt ginn, mee just wann et Abnehmer ginn
De Minister fir Wirtschaft an Energie Lex Delles huet vun zousätzlechen Efforte vun der Regierung geschwat.
"Jo, dat bréngt och mat sech, datt mir mussen d’Capacitéiten zu Lëtzebuerg – wéi dat awer schonn zënter Jore gemaach gëtt – verstäerken. Notamment och mat der Leitung vun 380 Richtung Däitschland. (...)"
Déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring wollt och wëssen, ob a wéi d’Ofwiermt vum Datenzenter innovativ wäert genotzt ginn. Et missten déi néideg Abnehmer dofir ginn, huet de Minister Lex Delles geäntwert: D’Ofwiermt soll awer genotzt ginn.
"...wann et méiglech ass, mee net à n’importe quel prix. Et mécht och kee Sënn, dass een einfach elo Biissen hallef oprappt, fir een Uschloss kënne Richtung Dikrech ze kréien (...)."
Et misst deemno gekuckt ginn, ronderëm de Site vum geplangte Google-Datenzenter, wou d’Ofwiermt kéint genotzt ginn, esou de Wirtschafts- an Energieminister de Moien an der Chamber.