/ Mat de Stëmme vun der rietsradikaler PVV rejetéiert Holland den EU-Oprüstungsplang
EU-Staaten hate Plang schonn zougesot
Mat de Stëmme vun der rietsradikaler PVV rejetéiert Holland den EU-Oprüstungsplang
Holland stëmmt awer net fir den europäeschen Oprüstungsplang vun der EU-Kommissioun. D'EU-Staaten haten deem 800 Milliarde-Plang schonn zougestëmmt. Och den hollännesche Premier Dick Schoof hat Jo gesot. Elo gëtt hie vum Rietspopulist Geert Wilders zeréckgepaff.
Den Accord vun Holland fir den EU-Oprüstungsplang gëtt vum Geert Wilders zeréckgezunn (Foto: picture alliance / BEAUTIFUL SPORTS | BEAUTIFUL SPORTS/Orangepictures)
Dat hollännescht Parlament huet, mat knapper Majoritéit, a mat de Stëmme vum rietsradikale PVV dee Plang elo rejetéiert. De Geert Wilders huet erkläert, datt de Premier Dick Schoof, dee keng Parteikaart huet, den Accord vun Holland zu Bréissel elo rëm misst zréckzéien.
D'Verdeedegungsfro spléckt déi souwisou ganz onstabil riets Regierung an Holland weider. Déi rietsliberal VVD, d‘Partei vum aktuellen NATO-Generalsekretär Mark Rutte, ënnerstëtzt den EU-Plang.