Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Mataarbechterin vum Roude Kräiz Lëtzebuerg soll Mënschenhandel bedriwwen hunn

Reseau iwwer 20 laang opgebaut

Mataarbechterin vum Roude Kräiz Lëtzebuerg soll Mënschenhandel bedriwwen hunn

Eng Fra, déi fir d‘Lëtzebuerger Rout Kräiz schafft, soll iwwer 20 Joer laang e gréissere Reseau vu Mënschenhandel tëscht hirem Heemechtsland Kolumbien an der Belsch bedriwwen hunn. Dat mellt Wort online a berifft sech op Artikelen an der belscher an an der spuenescher Press.

auto_stories

1 min

Foto: rafalbloch/Adobe Stock

Jorelaang hätt déi 40 Joer al Fra, déi hei vir an der Belsch wunnt, jonk Fraen a Kolumbien an d‘Belsch gelackelt a si gezwongen, sech ze prostituéieren. Si wier am Kader vun enger grouss ugeluechter internationaler Operatioun festgeholl ginn, déi gemeinsam vun den europäeschen Autoritéiten, der amerikanescher DEA an de kolumbianesche Geheimdéngschter duerchgefouert gouf.

De Reseau, dee si zesumme mat hirem Partner a Komplizen a Kolumbie bedriwwen huet, wier opgeflunn, well een Affer sech bei de kolumbianeschen Autoritéite gemellt hätt.

D‘Fra, déi hei zu Lëtzebuerg och Gewerkschaftsdelegéiert beim OGBL soll sinn, wier am Moment am Prisong. Op virgule.lu huet d‘Croix-Rouge confirméiert, datt déi Fra fir si schafft.  

Déi Lëtzebuerger Justiz huet eis op Nofro hi confirméiert, datt si net an d‘Affär implizéiert ass.