De Gesondheetsmediateur gëtt ageschalt, wann et e Konflikt gëtt tëschent Patient an Dokter - oder ëmgedréint. Dësen nationalen Informatiouns- a Mediatiounsservice gëtt et schonn zënter 11 Joer.
Vun engem Joer op dat anert eng 100 Dossiere méi
Wat de Volet Informatioun ugeet géing et virun allem drëm goen, d’Patienten an hir Familljen ze informéieren, erkläert de Mike Schwebag, dee Mediateur ass. Dacks kéime Froen zum Patienterecht op, zum Accès op Dossieren oder zur d’Designatioun vun enger Vertrauenspersoun.
D’Verdeele vun esou Informatiounen ass awer och dacks den Ophänkert fir hir Haaptmissioun: D’Mediatioun. Eng 300 Dossieren huet de Service 2025 gezielt. Dat sinn der knapp 100 méi wéi d’Joer virdrun.
De Mike Schwebag erkläert sech déi Hausse virun allem duerch eng besser Visibilitéit. De Service hätt ënner anerem seng Kommunikatioun verstäerkt.
Donieft loungen och Brochuren an den CNS-Agencen an Apdikten aus.
Vu Froen zur Facturatioun bis hin zu Behandlungsfeeler
Et si souwuel Patienten, mee awer och Leit, déi am Gesondheetssecteur schaffen, déi d’Mediatioun kontaktéieren, seet de Mike Schwebag. Fir béid wéilt ee gläichermoossen do sinn.
“An den allermeeschte Fäll kënnt déi initial Ufro vum Patient oder sengem Entourage. (...) Déi, déi och oft matleiden, wann de Schung mol dréckt.”
D’Fäll kënne ganz ënnerschiddlech sinn, preziséiert de Mike Schwebag. Vu “Klengegkeete” wéi Froen zur Facturatioun oder Rendez-vousen, bis hin zu méi grave Fäll vu Behandlungsfeeler.
Grosso modo hätt d’Hallschent vun den Ufroe mat engem Spidolsopenthalt ze dinn, déi aner Hallschent wieren extra hospitalier.
De Mike Schwebag erkläert, datt Spidolsopenthalter dacks méi komplex sinn a méi Leit mat engem Patient ze dinn hunn. Dofir wier et net ëmmer ganz kloer, vu wou de Problem kéim, well et puer Doktere ginn, déi behandelt hunn.
Do sinn, fir de Leit och nozelauschteren
D’Zil vun enger Mediatioun ass et ëmmer, e potentiell laangen an deiere Geriichtsprozess ze evitéieren. De Mediateur erkläert, datt ee mat de concernéierte Leit och ëmmer e Virgespréich féiert fir schonn éischt Informatioune kënnen opzehuelen.
Dës Gespréicher kënne bis zu 90 Minutten daueren, well och dacks vill Emotiounen am Spill sinn.
“Besonnesch Saachen, déi abrupt komm sinn, dann ännert sech jo alles: Familiär a berufflech. An et huet ee vläicht nach Péng dobäi. Da hunn d’Leit heiansdo de Besoin fir dat lasszeginn. An dofir si mir jo och do.”
Och mat der Géigesäit gëtt geschwat, well eng Mediatioun soll gutt preparéiert sinn, seet de Mike Schwebag. Schliisslech kéint ee sech dono net onendlech dacks gesinn.
Déi meescht Mediatiounen hunn e positiven Ausgang
Hie betount, datt eng Mediatioun ëmmer um Matschaffe vu béide Säite berout. Dacks wier den éischte Schrëtt de wichtegsten, mee awer och de schwéiersten.
Andeem ee sech awer d’Zäit hellt fir sech mat der Situatioun auserneenzesetzen an dem Géigeniwwer nolauschtert, géing ee schonn zum Deel seng Hand ausstrecken, mengt de Mike Schwebag.
Sengem Gefill no géingen dräi Véierel vun de Fäll och positiv ausgoen. No de Virgespréicher géing souguer schonn een Drëttel vun de Mediatioune fortfalen. Dacks hätten d’Patienten nämlech nach guer net mam Dokter geschwat, oder se wëssen net, wéi si dat Gespréich sollen ugoen.
An deem Fall ginn hinnen Tipps mat op de Wee ginn, wéi ee besser kommunikéiere kann.
Net bei all Fall leeft et op eng Entschiedegung eraus
Wann Accorden no enger Mediatioun zustane kommen, sinn awer net ëmmer Suen a Form vun Entschiedegungen am Spill. Wann dat de Fall ass leeft et iwwer d’Assurancen.
“Wann dat op den zwou Säiten OK ass schwätze mir mat den Assurancen a probéieren eng amiabel Expertise maachen ze loossen.”
Am Zännberäich wier et heiansdo manner komplizéiert, seet de Mediateur. Hei géingen dacks gratis Nobehandlungen ugebuede ginn amplaz vu Suen.
D'Iddi vun engem solidareschen Entschiedegungsfong
Zënter ville Jore scho proposéiert de Mediatiouns-Service och d’Schafung vun engem Entschiedegungsfong fir medezinesch Accidenter. Dee Projet soll elo an engem Aarbechtsgrupp konkretiséiert ginn.
Wann am medezinesche Beräich e Feeler geschitt, da gëtt et meeschtens och e Responsabelen. Et kënnen awer och Situatioune ginn, wou d’Resultat vun enger Behandlung net dat ass, wat sech de Patient erwaart huet, mee kee Feeler festgestallt ka ginn. Da gëtt et och kee Rechtsusproch op Entschiedegung.
Am Ausland ginn et dowéinst a verschiddene Länner Fongen. Wann et zu engem gréissere Kierperschued kënnt (25 Prozent Incapacitéit oder 6 Méint Krankeschäin), da kann een duerch dee solidaresche Fong entschiedegt ginn.
Dem Mike Schwebag no wieren d’Acteuren um Terrain där Iddi och positiv géigeniwwer agestallt. Et wier eng laang Demande vun der AMMD an och d’Patientevertriedung hätt sech rezent dofir ausgeschwat.
Hien hofft, datt bis Enn vun der Legislaturperiod e Projet um Dësch läit.