De Psycholog a Psychotherapeut Jean Fischbach denkt, datt een zwar mat dëse Stereotyppen vum staarke Mann, dee net krank gëtt, gebrach hätt. Verschidden untrainéiert Charakterzich géife sech awer haartnäckeg halen.
Hien erlieft a sengem Beruff dagdeeglech, datt et ville Männer nach ëmmer schwéier fält iwwer hir Gefiller ze schwätzen. Frae wieren hei schonn e Schrëtt méi wäit. Si hätte manner Barriären "fir direkt ganz déif ze starten" an Theemen unzeschwätzen, déi si beschäftegen.
Männer beschreiwen hiert Liewe wéi e Film
Männer géifen éischter op der sachlecher Eben bleiwen a Faiten objektiv beschreiwen – esou wéi wann een e Film kucke géif. Frae géife par contre méi iwwer hiert subjektiivt Erliewe schwätzen.
“Dat heescht, et gëtt vill méi iwwer dat geschwat, wat si erliewen (...) wougéint Frae vill méi iwwer hiert Erliewe schwätzen”
Wou dës Ënnerscheeder hierkomme wier schwéier ze soen. D’Sozialiséierung géif ganz kloer awer eng Roll spillen, seet de Jean Fischbach.
“A gläichzäiteg gëtt et awer, mengen ech, ganz sécher en Ënnerscheed tëschent Mann a Fra”
Dës gesellschaftlech Norme kënne grav Konsequenzen mat sech bréngen. Wann et engem net esou gutt geet an een awer mat kengem doriwwer schwätzt, da géif een iergendwann u seng Limitte stoussen.
“Datt een och muss spieren a mierken: 'Okay elo, dat hei kréien ech elo net méi eleng hin'.”
"Jiddereen huet mol esou Phasen"
An deem Moment wier et wichteg, den éischte Schrëtt ze goen a sech aktiv Hëllef ze sichen. De Psycholog a Psychotherapeut seet, seng Roll wier et an esou Momenter ze weisen, datt et Ok ass. Jiddereen hätt Phasen, an deenen et engem net esou gutt geet.
“An dat ass dann net, datt een iergendwéi komesch oder bizarre oder et kritt een et net hin, oder et ass ee schwaach, oder et huet een iergendeppes falsch gemaach.”
Datt Männer réischt bei den Dokter gi wann et ze spéit ass, géifen déi aktuell Zuelen net méi beleeën. Wat beispillsweis Preventiv-Ënnersichung ugeet wieren d’Zuelen tëschent Männer a Fraen entretemps relativ d’selwecht.
De Psycholog fënnt, datt een de Begrëff vun der toxescher Männlechkeet hannerfroen misst. Männer hätte jo de facto eppes mat Männlechkeet ze dinn.
“An da stellt sech natierlech d'Fro, mee wann ech soll e Mann sinn, mee wéi soll ech da sinn?”
Kanner an de Soziale Medien wiere besonnesch ufälleg fir Influencer, déi eng Vue verbreeden, an där "de Mann de Kinnek ass, a sengem eegene Kinnekräich”.
Hei wier et wichteg, datt d‘Elteren an och dat soziaalt Ëmfeld esou Vuë reflektéiert an de Kanner de Spigel virhalen: “Dat do geet vläicht e bëssen ze wäit”.
De Leeschtungsdrock an eiser Gesellschaft géif heefeg zu engem gerénge Selbstwäertgefill féieren, an ouni gesonde Selbstwäert wier een natierlech besonnesch ufälleg.
Lauschtert hei de ganzen Interview mam Psycholog Jean Fischbach