Handwierkerfederatioun

Méi Gläichberechtegung fir Independanten – U wat feelt et aktuell?

Gëschter huet d'Handwierkerfederatioun op enger Pressekonferenz dräi Theemen ugeschnidden: De Logement, d'Aarbechtskonditiounen – a virun allem – de Statut vum Independant. Dee Sujet läit der FDA besonnesch um Häerz, wéi hir Vizepresidentin Alexa Ballmann am 100,7-Interview däitlech mécht.

auto_stories

3 min

headphones

13 min

D'Alexa Ballmann | © Jo Diseviscourt play_arrow
D'Alexa Ballmann (Foto: Jo Diseviscourt)

2020 huet d’Covid-Kris vill Independanten haart getraff. Deemools war d’Alexa Ballmann nach Presidentin vum Jonken Handwierk.

Et feelt e "Sécherheetsnetz"

D’Pandemie huet gewisen, datt Independantë ganz séier an eng prekär Situatioun gerode kënnen, ouni wierklech Schold drun ze sinn.

“Independanten hunn a ville Punkte kee Sécherheetsnetz. (...) Wärend dem Covid konnt ee keng Sue verdéngen.”

Dobäi kënnt, datt een Independant kee Recht op Chômage partiell hat. Dee Problem ass och nach ëmmer net ganz geléist.

Independant ze sinn ass e Risiko, mee ...

D’Alexa Ballmann erënnert drun, datt wärend dem Lockdown Fonctionnairë weider déi voll Pai kritt hunn, Salariéen ëmmerhin 80 Prozent, mee beim Independant ass de Salaire ganz fortgebrach.

“Et muss een och un déi kleng Independanten denken, déi eleng schaffen, grad am Handwierk ginn et vill kleng Betriber, wou ee sech net ka bezuelen, wann ee wärend dem Mount näischt verdéngt huet.”

D’Alexa Ballmann weess och, datt Independant sinn e Choix ass, dee gewëss Risike mat sech dréit. Et ass e Fakt, datt een op verschidde Sécherheeten aus dem Salariatsverhältnis verzicht.

... et feelt u Gläichberechtegung, esou d'Alexa Ballmann

Dofir pocht d’FDA drop, datt de Statut vum Independant iwwerschafft soll ginn. Beispillsweis duerch eng Aféierung vum Chômage partiell am Fall vun engem Cas de force majeur.

“Et ass ganz wichteg ze soen: Mir wëlle keng Privileegien hunn, mee Gläichbehandlung. (...) Den Independant ass och dee leschten, deen d’Schëff verléisst, an deen éischten, deen erëm do ass fir ze schaffen.”

Déi verschidde Konditioune fir Chômage ze kréien

Och d’Recht op de komplette Chômage huet d’FDA an d’A gefaasst.

Hir Vizepresidentin erkläert, datt 2021 déi verschidde Chamberen an d’UEL e Pabeier mat 6 Punkten ausgeschafft haten, déi d’Ongläichheeten tëschent dem Salarié an dem Independant gewisen hunn.

Ënner anerem muss e Salarié just 6 Méint geschafft hu fir Recht op Chômage ze hunn. En Independant 2 Joer.

Et muss een och eng Faillite erklären, fir Chômage ze kréien. Per Definitioun ass ee faillite, wann ee keng TVA oder Cotisatioune méi ka bezuelen.

Wann een awer fräiwëlleg de Betrib zoumécht, well ee gesäit, datt et net méi duergeet, verléiert ee säi Recht op Chômage. Dobäi wéilt een zum Beispill just dofir suergen, datt all d’Mataarbechter:inne bis zum Schluss och kënne bezuelt ginn, mierkt d’Alexa Ballmann un.

"Dat ass net fair"

Bei de Cotisatiounen a Versécherungen ass et aktuell esou, datt ee Salarié een Drëttel iwwerhëlt, de Patron een Drëttel, an de Staat een Drëttel. Den Independant awer iwwerhëlt esouwuel d’Part patronale, wéi och d’Part salariale. 

Dat géing d’Alexa Ballmann awer am léifsten iwwer de Betrib ofwéckelen. Aktuell dierf de Betrib net fir den Independant d’Cotisatioun bezuelen.

“Wann den Independant dat selwecht verdéngt wéi de Salarié, kritt en awer manner am Netto eraus. Also muss hien de Brutto erhéijen. Dat ass eng Belaaschtung fir de Betrib, eng Belaaschtung fir den Independant. (...) Dat ass net fair.”

Ënner dem Stréch fuerdert ee méi Gläichbehandlung, betount d’Alexa Ballmann.

Net just den Aarbechtsminister ass gefuerdert

D’Regierung huet am Koalitiounsaccord och eng Reform vum Statut vum Independant ugekënnegt, bis ewell ass awer nach näischt geschitt. Déi eenzeg Ännerung, déi koum – a Saache virgezunnen Alterspensioun – huet op Grond vun engem Urteel vum Verfassungsgeriicht misse kommen.

Gefuerdert ass awer net just den Aarbechtsminister, esou nach d’Alexa Ballmann, mee och d’Ministesch fir Sozial Versécherung, d’Martine Deprez.

Lauschterenplay_arrow