Radioen

On air

Notturno  |  Louis Spohr - Mass an Do Mineur, Op. 54 - C. g. Darrelmann (M.-Sopr.), T. Mäthger(T.), F. Rathgeber (B.), Kammerchouer Stuttgart, F. Bernius (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Méiglech nei US-Regierung: Vill Kontrovers, wéineg Qualifikatioun

Eng Analys

Méiglech nei US-Regierung: Vill Kontrovers, wéineg Qualifikatioun

An den USA gëtt ëmmer méi kloer, wéi dem designéierten US-President Donald Trump seng nei Regierung wäert ausginn. Bal all d'Ministere goufe virgestallt, déi den 20. Januar mat hirer Aarbecht sollen ufänken. Méi wéi eng Nominatioun huet dobäi Froen opgeworf.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Allison Robbert - Pool via CNP

Philip Crowther, USA

Neiste Member vun där Regierung ass de Chris Wright, dee fir de Poste vum Energieminister nominéiert ass. Hie gëllt als Klimawandel Skeptiker a stoung bis elo un der Spëtzt vun enger Ueleg- a Gasfirma. De Wright dierft trotzdeem ouni gréisser Problemer als Minister confirméiert ginn. Et ass awer just ee Beispill vu ville kontroversen Nominatiounen.

Trei Trump-Supporter gi belount

Et si vill Choixen dobäi, déi als extreem iwwerraschend gëllen. An anerer, déi immens schlecht virbereet si fir de Rôle, fir dee si nominéiert goufen. Dat op d'mannst ass d'Meenung vun de villen Experten.

Do ginn et ganz vill Beispiller. Fir de Rôle vum Justizminister gouf de Matt Gaetz proposéiert. Hien ass e republikanesche Member vum amerikanesche Kongress. Een Affekot och, dat ass eng gutt Qualifikatioun. Mee haaptsächlech ass hien e ganz staarke Supporter vum Donald Trump. Dat sinn déi Leit, déi elo nominéiert ginn, fir déi wichtegst Posten.

Am Gesondheetsministère komme wuel vill Kontroversen an deenen nächste puer Wochen a Méint op eis duer: De Robert F. Kennedy Jr., dee fréier Presidentschaftskandidat fir d'Demokrate war, soll neie Gesondheetsminister ginn. Hie war och onofhängege Presidentschaftskandidat dëst Joer a gouf duerno zu engem grousse Supporter vum Donald Trump.

Et ass awer och der Wäert fir iwwer ee méi traditionelle Choix ze schwätzen. Dat ass de Marco Rubio, de Senateur aus Florida. Hie soll Ausseminister ginn, also de wichtegsten Diplomat vun den USA. Hien ass een Expert an der amerikanescher Aussepolitik.

Wat een awer op jiddwer Fall ka soen ass, datt déi wichtegst Qualifikatioun fir all déi Leit, déi bis elo nominéiert goufen, warscheinlech éischter déi ass, datt si dem Donald Trump trei waren, an och wäerten trei bleiwen. Déi professionell Qualifikatioune sinn do vläicht e bësse manner wichteg.

Een Impfgéigner am Gesondheetsministère

Nach ass awer net kloer, datt och effektiv all déi Nominatioune wäerten op de Poste confirméiert ginn. Et ass den amerikanesche Senat, deen dat wäert entscheeden. Normalerweis misst dat kee Problem si fir all déi Leit, déi nominéiert goufe vum Donald Trump zanter de Walen. De Senat ass jo majoritär fir d'Republikaner, also theoreetesch eng gutt Ausgangslag fir all dem Donald Trump seng Choixen.

Am Senat wäerten ëffentlech Sëtzungen organiséiert ginn an do kënnen all déi Kandidaten och ëffentlech vu Membere vun deenen zwou Parteien ausgefrot ginn. Et kéint komplizéiert gi fir den RFK Junior zum Beispill. De Robert F. Kennedy Junior schwätzt sech ganz vill géint Impfungen aus an huet och Verschwörungstheorië verbreet. Do kéinten och Republikaner vläicht géint hie stëmmen.

E weidert Beispill ass de Pete Hegseth. Hien ass de Choix fir d'Defense. Als fréieren Zaldot huet hien Erfarung am amerikanesche Militär, mee haaptsächlech war hie Moderator bei Fox News an natierlech och e Mann, deen als ganz treie Supporter fir den Donald Trump gëllt. Dat kéint nach interessant ginn, wéi hien ausgefrot gëtt. D'Qualifikatioune fir e wichtege Rôle am Pentagon huet hien eigentlech keng.

Demokraten: Kee Pouvoir zu Washington

Net just d'Republikaner sinn awer elo no de Walen amgaange sech ze organiséieren, och d'Demokrate mussen sech elo un d'Realitéit vun enger zweeter Trump-Presidence gewinnen. Et ass de Moment fir ze analyséieren, wat alles schif gelaf ass. Mee eng batter Realitéit fir d'Demokraten ass déi heiten: Zu Washington gesäit et ganz, ganz schlecht aus fir si, well si hunn d'Kontroll vum Wäissen Haus verluer. Mee och am amerikanesche Senat, am Representantenhaus, sinn d'Republikaner weiderhin an der Majoritéit. An natierlech dat héchst Geriicht: Do sinn och méi Riichter dran, déi vu Republikaner nominéiert ginn. Also alles steet u sech géint d'Demokraten den Ament.

Wat ass schif gelaf an dësem leschte Waljoer, an dësem November? Wien ass schold? Ass et den Joe Biden, dee vläicht ze spéit aus der Course erausgaangen ass? D'Kamala Harris natierlech, d'Kandidatin, déi verluer huet, ass och mat Schold drun. Mee d'Demokrate ginn éischter elo ugesinn als eng Partei, déi hir traditionell Wieler vläicht ignoréiert huet, oder op d'mannst net genuch geschafft hu fir hir Stëmmen ze kréien. Dat sinn d'Aarbechter an den USA.

Do gëtt spekuléiert, datt d'Republikaner ganz vill Wieler fir sech gewanne konnten. Do wäert nach ganz vill driwwer geschwat ginn déi nächst puer Wochen, Méint an natierlech déi nächst véier Joren, wou d'Demokrate bal kee Pouvoir hunn zu Washington. 

Lauschterenplay_arrow