Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Sinfonie Nr.4 a Fa Mineur, Op. 36, III. Scherzo: Pizzicato ostinato - Stuttgarter Philharmoniker, Dan Ettinger (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Walen an den USA kéinten esou knapp gi wéi laang net méi

Harris vs. Trump

Walen an den USA kéinten esou knapp gi wéi laang net méi

Ee Mount virun de Presidentewalen an den USA lafen d‘Walkampfoptrëtter vun der Demokratin Kamala Harris an dem Republikaner Donald Trump op Héichtouren. Et leeft wuel alles op eng immens enk Course tëschent béide Kandidaten eraus, soen Experte viraus.

auto_stories

1 min

De fréier President Donald Trump war virgëschter zeréck an der Stad Butler am Staat Pennsylvania, wou virun dräi Méint op hie geschoss gi war. Den Trump krut do weider Ënnerstëtzung vum Multimilliardär an Tesla-Grënner Elon Musk. Hien huet op der Bün d‘Leit opgeruff, de 5. November fir den Donald Trump ze wielen.

An de leschte Sondagen huet d‘Kamala Harris um nationale Plang e liichte Virsprong, mee an de sougenannte Swing-Staates, déi decisiv wäerte sinn, leien déi zwee praktesch ex-aequo. Manner wéi ee Mount virun de Wale soen déi meescht politesch Commentateuren an den USA, et géif en immenst knappt Resultat ginn, an et wier den Ament net virauszesoen, wie besser Chancen huet, d‘Wal ze gewannen.