Groussbritannien

Blesséierter bei méiglecher Messerattack am Zentrum vu London - Fra festgeholl

Am Covent Garden am Zentrum vu London ass et zu enger méiglecher Messerattack komm. Op d'mannst véier Leit wieren dobäi verwonnt ginn. Dat mellt ënner anerem d'BBC. Déi véier Leit wieren an d'Spidol bruecht ginn. Bei der präsuméierter Täterin, soll et sech ëm eng 47 Joer al Fra handelen.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Bei de Blesséierte soll et sech ëm véier Männer tëschent 34 an 52 Joer handelen, wéi d'Police matgedeelt huet.

Police deelt éischt Detailer mat

D'Londoner Police féiert an enger éischter Reaktioun méiglech mental Problemer vun der Fra als Grond fir d'Dot un, wéi déi franséisch Presseagence AFP schreift. Och eng Schéier soll op der Plaz fonnt gi sinn. D'Ermëttlunge wieren awer nach ëmmer ganz am Ufank, esou d'Police.

De Covent Garden ass ee, virun allem bei Touristen, beléifte Quartier.