Justiz

Wéinst Verdacht op Telefonsarnaquen: 36 Joer ale Mann u Lëtzebuerg ausgeliwwert

Déi italieenesch Justizautoritéiten hunn e Mann u Lëtzebuerg ausgeliwwert, dee mat engem internationalen Haftbefeel gesicht gouf, deelt de Parquet mat. De Mann vu 36 Joer gëtt verdächtegt, bei Telefonsarnaquen hei zu Lëtzebuerg bedeelegt gewiescht ze sinn.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Fernando Gutierrez-Juarez
(Foto: picture alliance/dpa | Fernando Gutierrez-Juarez)

Hien hätt Lëtzebuerger Telefonsnummeren zur Verfügung gestallt fir sougenannten "Schock-SMSen" oder "arnaques au faux enfant" u potentiell Affer ze schécken.

Do gi Message verschéckt wéi beispillweis "Moie Mamm, mäin Telefon ass futti ! Dëst ass meng nei Nummer."

Wann d‘Leit dann do uruffen a mengen, si géife mat hire Kanner schwätzen, gi si weider manipuléiert, fir datt si beispillsweis Bankdaten erausginn. De Mann, deen elo u Lëtzebuerg ausgeliwwert gouf, gouf an Tëschenzäit ugeklot.

Et leeft eng Enquête fir déi ganz Envergure vun der Affär erauszefannen.