Lëtzebuerg géif onglafwierdeg wierken, heescht et an engem Communiqué vum Mouvement écologique. Wärend op der Konferenz a Kolumbie Mesurë géint d‘Verschwanne vun Déierenaarte gefuerdert ginn, huet Lëtzebuerg viru kuerzem fir d‘Erofsetze vum Schutzstatus vum Wollef an der EU gestëmmt.
Ausserdeem géif Lëtzebuerg selwer déi eege Biodiversitéits-Ziler verfeelen. Ënnert anerem d‘Mesurë vum Naturschutzplang fir 2030 géifen nëmme lues viru kommen.
De Mouvement écologique fuerdert méi Verantwortung an eng besser Finanzéierung, fir d‘Krise vun der Aartevillfalt ze bewältegen.