Radioen

On air

  |  William Perry - Toujours Provence, III. Café Terrace at Night - Michael Chertock (Piano), Slovak Philharmonic Orchestra, Paul Phillips (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Nach ni huet et zu Lëtzebuerg esou vill gereent wéi 2024

Klima

Nach ni huet et zu Lëtzebuerg esou vill gereent wéi 2024

D‘Joer 2024 war dat verreentste Joer zënter dem Ufank vun de Wiederopzeechnungen am Grand-Duché. Dat confirméiert elo och AgriMeteo.

auto_stories

1 min

© Bigstock / wichaiphoto
Foto: Bigstock / wichaiphoto

Dem nationale Wiederdéngscht vum Landwirtschaftsministère no gouf et zejoert beim Néierschlag een Iwwerschoss vun iwwer 42 Prozent par rapport zum klimateschen Normalwäert.

Beim Néierschlag gouf et deemno zejoert een duerchschnëttleche Cumul vun 1195,7 mm, sou AgriMeteo. Dëst hätt gréisser Auswierkungen op d‘Landwirtschaft gehat: D‘Biedem waren dacks ze naass fir ze schaffen, wouduerch et eng enttäuschend Recolte bei de Käre gouf. 

Och temperaturméisseg war 2024 AgriMeteo no besonnesch: Mat enger Moyenne vun 10,6°C war et ënnert den 10 wäermste Joren, déi jeemools zu Lëtzebuerg gemooss goufen.