Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  

play_arrow Live
opus

/ Sondage: 8 vun 10 Befrote fannen Energie- a Ressourcëverbrauch muss reduzéiert ginn

Klimwandel

Sondage: 8 vun 10 Befrote fannen Energie- a Ressourcëverbrauch muss reduzéiert ginn

D'Biergerbewegung CELL huet zesumme mat der Maarfuerschungsentreprise QUEST ee Sondage iwwer Ëmweltsujete realiséiert. Deemno wieren 8 vun 10 Lëtzebuerger Residente der Meenung, datt d’Mënschheet hiren Energie- a Ressourcëverbrauch muss reduzéieren.

auto_stories

2 min

D‘Resultater vum Sondage vu CELL a Quest goufen virun der Press presentéiert | © Lynn Taziaux
D‘Resultater vum Sondage vu CELL a Quest goufen virun der Press presentéiert (Foto: Lynn Taziaux)

All zweet befrote Persoun mengt awer, datt seng Matbierger:innen net bereet sinn, déi néideg Efforten ze maache fir hiren Energie- a Ressourcëverbrauch ze reduzéieren. De Léonard Andersen vu CELL erkläert sech dëse Widdersproch duerch de Bias, datt d’Mënschen d’Tendenz hunn ze mengen d’Leit ronderëm een ëmmer manner géife maache wéi ee selwer. 

“Et cette impression-là fait que forcément il y a du coup un côté défaitiste. Et pourquoi moi je ferais si finalement les autres ne le font pas, alors que c'est faux.”

Et géif vill méi Mënsche ginn, déi eppes fir d’Ëmwelt wéilte maachen, esou nach de Léonard Andersen vu CELL.

De privaten Auto ass e schwierege Sujet

D’Residenten an der Autosnatioun Lëtzebuerg si wéineg iwwerraschend besonnesch am Beräich vun der Mobilitéit méi zéi: 65 Prozent vun de Befrote gesinn et deemno als schwiereg oder onméiglech un, fir just nach 5.000 Kilometer d’Joer mam Auto ze fueren. Änlech ass et bei der Méiglechkeet vum Covoiturage oder manner de Fliger ze huelen. Iwwer zwee Drëttel sinn dogéint awer bereet hire Fleeschkonsum a Kleederakaf ze reduzéieren a beispillsweis am Wanter d’Heizung méi niddereg ze dréinen.

D‘Resultater vum Sondage goufen um Dënschdegmoien der Ëffentlechkeet presentéiert. 600 Persounen aus allen Deeler vun der Gesellschaft goufen dofir befrot. Eng Majoritéit vun de Leit erwaart sech Guidance an den néidege Kader vun der ëffentlecher Hand. Am héchste sinn d’Erwaardunge géintiwwer der EU an aneren internationale Gremien, awer och d’Regierung an d’Gemenge gesinn déi Befroten an der Verantwortung.

Gesellschaftlech a politesch couragéiert Pisten néideg

Aus vergaangenen Analyse wier schonn ervir gaangen, datt den CO2 bis 2050 ëm 90 Prozent reduzéiert misst ginn, erkläert den Norry Schneider. Déi lescht 30 Joer wier een allerdéngs op der Plaz getrëppelt seet hien. Et géif deemno net méi duergoen, op technesch Mesuren an erneierbar Energien ze setzen. Och "gesellschaftlech a politesch couragéiert Pisten" wieren néideg. Mat der Etüd wollt een déi gesellschaftlech Akzeptanz fir esou Pisten testen, erkläert den Norry Schneider.