Ee russesche Grupp, dee sech selwer als "Kämpfer vum Maskuline Staat" bezeechent, géif hanner enger vun de rezenten Drounge stiechen, esou déi franséisch Noriichtenagence AFP.
An hiren Droungen un de Flughafen zu Sofia an zu Roum solle si geschriwwen hunn, datt si mat hirer Aktioun an d'Geschicht géifen agoen an datt "déi feministesch Regimmer" sech fir ëmmer géifen dorun erënneren. Weider huet et geheescht, a 60 Minutte géif eng Bomm lassgoen an den Himmel géif rout gefierft ginn.
Néirens gouf Sprengstoff fonnt
Ënner anerem huet ee Fluch vun Dublin op Roum missen a Richtung Frankräich ëmgeleet ginn an ass do um Militärflughafen Évreux gelant. Déi 151 Passagéier an d'Ekipp vu sechs Leit goufen a Sécherheet bruecht an de Fliger op Sprengstoff ënnersicht. D'Gendarmerie vum Flugverkéier huet eng Enquête opgemaach.
An Italie koum et iwwerdeems zu méi Tëschefäll. Ee Fliger aus Helsinki gouf vu Kampfjetten eskortéiert an op Sprengstoff ënnersicht. Weider Warnunge goufen et ënner anerem a Rumänien, Tschechien oder nach Bulgarien. Och do konnt näischt fonnt ginn.
Britteschen Expert relativéiert d'Situatioun
Schonn um Dënschdeg koum et zu enger Rei Bommendroungen. Doropshin huet déi europäesch Agence fir d'Sécherheet am Flugverkéier, d'Eurocontrol, matgedeelt, datt een d'Situatioun genee am Ae behält an, datt ee ganz enk mat de betraffene Fluggesellschaften a Kontakt wier.
Well et och zu Droungen a Groussbritannie koum, huet ee Spriecher vun der brittescher Regierung vu béiswëllege getäuschten Drounge geschwat.
An der brittescher Zeitung The Guardian huet een Expert awer d'Situatioun relativéiert an erkläert, datt et och an der Vergaangenheet scho Bommendrounge gouf. Datt an dëse Fäll esou staark reagéiert géif ginn, géif drop hindeiten, datt d'Drounge ganz spezifesch musse formuléiert gewiescht sinn.
Op däitsche Flughäfe goufen et an de leschte Joere méi wéi 250 Bommendroungen.